Radioen

On air

Concert  |  Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eric Lux a Gérard Lopez: Chambre du Conseil wëll Prozess wéinst intellektueller Fälschung

Lotus an Escher Fola

Eric Lux a Gérard Lopez: Chambre du Conseil wëll Prozess wéinst intellektueller Fälschung

D'Geschäftsleit Eric Lux a Gérard Lopez esou wéi zwee fréier Comitésmembere vun der Escher Fola musse sech wéinst sougenannten intellektuelle Fälschunge viru Geriicht veräntwerten. Dat gouf an éischter Instanz decidéiert, esou de Justizspriecher op Nofro hin. Déi Concernéiert wëllen an Appell goen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Gerard Lopez | © picture alliance / NurPhoto | Thierry Thorel play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Thierry Thorel

Déi véier Ugeklot Gérard Lopez, Eric Lux, François Dele a Mauro Mariani wëllen ouni Iwwerraschung an Appell goen, soen hir Affekoten - ob et also zu engem Prozess kënnt, wäert réischt definitiv kloer si wann och bis d'Chambre du Conseil vun der Cour d'Appel an zweeter Instanz eng Decisioun geholl huet. Et ass net gewosst, ob déi Decisioun nach dëst Joer fält.

Denonciatioun wéinst verdächtegen Transaktiounen

Virun néng Joer hat dëse Sender gemellt, datt eng Kommissioun vun der Futtballfederatioun FLF eng Denonciatioun beim Parquet gemaach hat. Bei Iwwerpréiwunge vum Reviseur PricewaterhouseCoopers war e suspekten Don vun der Formel 1-Equipe vun den Investisseuren Eric Lux a Gérard Lopez opgefall. Gutt informéierte Sourcen no soll Lotus F1 dem Lëtzebuerger Fussballclub am Joer 2014 ongeféier zwou Milliounen Euro iwwerwisen hunn. D’Fola soll d'Suen dono un de Gérard Lopez an un d’Gesellschaft Lynx Investments Limited vum Eric Lux zu Hong Kong transferéiert hunn. Mat wéi enger Géigeleeschtung, war a béide Fäll net kloer. 

Jorelaang Enquête wéinst ënner anerem Blanchiment 

De Parquet hat doropshin eng Enquête opgemaach wéinst Verdacht op Abus de bien sociaux a Geldwäsch. Inculpéiert goufe virun e puer Joer nieft dem Gérard Lopez an dem Eric Lux och den deemolege Fola-Trésorier François Dele, sou wéi den deemolege Fola-Vizepresident Mauro Mariani.

Prozess just nach wéinst intellektueller Fälschung?

D'Affekote vun de véier Inculpéierten ënnersträichen, datt d'Chambre du Conseil d'Affär just nach wéinst intellektueller Fälschung viru Geriicht verhandele wëll - déi aner Chargë goufen effektiv fale gelooss. D'Affekote widderhuelen och, datt hir Mandanten onschëlleg wieren. 

De Philippe Penning, Affekot vum Gérard Lopez, schreift an enger Reaktioun, beim Virworf vu Fälschung a Blanchiment wier et en non-lieu ginn. De Virworf vun intellektueller Fälschung wier, wat de Fong vun der Affär ugeet, ouni iergend eng Bedeitung, well d'Transaktiounen u sech wieren duerch d'Urteel validéiert. Et géif och net méi em Fälschung vun Dokumenter goen, mee just nach drëms, datt Informatiounen, déi d'Bank gefrot huet fir Transaktiounen ze maachen, net korrekt gewiescht wieren. De Gérard Lopez hätt sech an dëser Affär net em een Cent beräichert.

Affekote wëllen och beim Virworf vun intellektueller Fälschung en non-lieu

De Rosario Grasso, Affekot vum Eric Lux, wëll de Virworf vun intellektueller Fälschung fir säi Client weider a Fro stellen. Dee Virworf wier net ginn - weder vun de Fakten nach vum Strofrecht hir. Déi zwee aner Ugeklot gi vum Gennaro Pietropaolo vertrueden. Den Affekot argumentéiert, seng Mandanten hätte weder schlecht Intentioune gehat, nach wieren d'Virwërf déi zréckbehal goufen, strofrechtlech relevant. Och seng Mandanten hätte sech net beräichert.

D'Enquête huet ënnert anerem esou laang gedauert, well d'Transaktiounen deelweis aus, an a Richtung Ausland gemaach goufen. Dowéinst hunn och missen Ufroe bei den auslänneschen Autoritéite gemaach ginn. D'Affekoten argumentéieren och, datt d'Justiz verschidden Iwwerpréiwungen net vu sech aus gemaach hätt déi hir Mandanten entlaascht hätten. Dofir hätt dat missen op Drock vun den Affekoten nogeholl ginn, wat weider Zäit an Usproch geholl hätt.

Lauschterenplay_arrow