Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lescop - L'Hiver Sur Tes Lèvres

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Enquête géint AfD-Deputéierte lancéiert

Verdacht vu Bestiechlechkeet a Blanchiment

Enquête géint AfD-Deputéierte lancéiert

An Däitschland gouf elo eng Enquête géint den Deputéierte vun der AfD Petr Bystron an d‘Weeër geleet. Hie steet ënnert dem Verdacht vu Bestiechlechkeet a Blanchiment. 

auto_stories

1 min

Petr Bystron | © picture alliance / dts-Agentur | -
Petr Bystron (Foto: Archiv)

De Bundestag hätt dem Bystron seng Immunitéit opgehuewen. Dat hat ZDF scho gemellt. Haut um Donneschdeg géife seng Büroen am Bundestag duerchsicht ginn, awer och Objeten a Bayern an op Mallorca. Den AfD Politiker soll Sue vum pro-russesche Propagandanetzwierk „Voice of Europe“ kritt hunn. 

Hie selwer dementéiert d'Reprochen. Nieft dem Petr Bystron stoung déi lescht Wochen och den AfD-Spëtzepolitiker Maximilian Krah wéinst méigleche Verbindungen zu prorusseschen Netzwierker an de Schlagzeilen.