Och wann d’Bombardementer op Israel däitlech erofgaange sinn, ass d’ Land vun Normalitéit wäit ewech. An der Gazasträif ass d‘Ausmooss vun den Zerstéierungen enorm an et feelt weiderhin un allem. D’ Situatioun fir Zivilbevëlkerung gëtt vun Dag zu Dag méi schlëmm. De leschten onverifizéierten Zuelen no goufen et eleng an der Gazasträif 18.000 Doudeger zanter Krichsufank. De Johannes Becke geet dovun aus, datt et domat net eriwwer ass.
"Dieser Konflikt kann deutlich länger dauern als die letzten Auseinandersetzungen mit dem Gazastreifen. Nur um so ein Beispiel zu nennen: als im Irak eine Allianz aus der irakischen Armee und aus den kurdischen Milizen MOSUL vom islamischen Staat befreit hat – hat das 10 Monate gedauert.“
Waffe wäerten net sou séier rouen
Trotz der Resolutioun déi d’UN-Vollversammlung des Woch geholl huet, an an där 153 Staate fir eng Waffepaus gestëmmt hunn, huet den israeelesche Premierminister gesot Israel géing "bis zou Victoire iwwer d’Hamas weider kämpfen". De Johannes Becke gleeft net drun, datt d’ Waffen an nächster Zukunft wäerte rouen.
“Insofern ist, glaube ich, das einzige Szenario, indem wir uns realistisch einer Feuerpause nähern, wäre ein neuer Deal für die Befreiung von zumindest einigen Geiseln. Insofern ich glaube, der Druck auf Israel wird zunehmen, auch vonseiten der USA. Ich glaube aber, es gibt für Israel, im militärischen Moment, keinen Grund, eine Feuerpause zu bestätigen – eher im Gegenteil"
Israeelesch Medie mellen, datt Israel zanter e puer Deeg mat de Vermëttler, also dem Katar, diskutéiert weider Geisele befreit ze kréien, dobäi géif et an éischter Linn em Fraen a Kanner goen. 135 Persoune ginn aktuell nach vun der Hamas festgehalen.
Eng Fro fir d'Zukunft
Wat géif et dann heeschen, wann d’ Geiselen alleguer géife fräi kommen an d’Hamas de Krich géif verléieren? De Johannes Becke hofft, datt doriwwer schonn elo nogeduecht gëtt.
“Aber wie wir wissen, die Hamas ist ja nicht nur eine Terrororganisation. Und wie man nach so einem Konflikt mit all diesen nicht-militärischen oder nicht-terroristischen Anteilen der Hamas umgeht, ist eine Frage für die Zukunft. Es kann noch zu früh sein, das endgültig zu klären. Aber wir müssen hoffen, dass Israel und seine Verbündeten angefangen haben, darüber nachzudenken.“
Fir Israel kënnt zwee State Léisung net a Fro
Eng nach méi grouss Fro fir d’Zukunft ass déi wéi Israel a Palestina iwwerhaapt wäerten zesumme fonctionéiere kënnen. Déi israeelesch Ambassadrice zu London huet Gëschter an engem Interview mat Sky News matgedeelt, datt eng Zwee-Staate-Léisung "absolut net a Fro géif kommen". De Johannes Becke gesäit dat anescht.
“Wie diese beiden Staaten, eines Tages, sich zueinander verhalten, wie sie miteinander kooperieren, ob sie sich in einer Konföderation zusammenschließen, dazu gibt es sehr viele kluge und interessante Ideen. Aber der nächste logische Schritt wäre erst einmal, die legitimen Ansprüche dieser beiden nationalen Bewegungen umzusetzen – im Sinne von palästinensischer Eigenständigkeit.“
Bis dohin ass et nach ee wäite Wee. Aktuell ass Israel géintiwwer der Hamas militäresch um Virmarsch. Gläichzäiteg ass d’Land international ëmmer méi ënner Drock: souguer säin enksten Alliéierten d’ USA rifft zu méi Récksiicht géintiwwer der Zivil-Populatioun an der Gazasträif op.