Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem ONJ säin éischten Auslandsoptrëtt

Orchestre national des jeunes du Luxembourg

Dem ONJ säin éischten Auslandsoptrëtt

Den Orchestre national des jeunes du Luxembourg, kuerz ONJ, hat um Sonnden säin éischten Auslandsoptrëtt – dat zu Apeldoorn an Holland. Dat Ganzt gouf am Kader vun engem Austauschprogramm mam Jugendorchester vun Apeldoorn organiséiert. Aus 500 Kandidat:inne goufe 60 jonk Museker:innen aus Lëtzebuerg an der Welt ausgewielt, déi déi ganz lescht Woch vu moies bis owes zesumme geprouft hunn, fir da vergaangene Weekend déi zwee Summerconcerten vum ONJ ze spillen.

auto_stories

6 min

headphones

8 min

© (c) Max Mausen play_arrow
Foto: Max Mausen

Um néng Auer Sonndesmoies ass et lass gaangen. Méi oder manner ausgeschlof, deelweis nach matgeholl vum Concert den Dag virdrun, maachen d’Museker:inne sech op de Wee an Holland mam Bus. D’Instrumenter hunn si bei sech, oder si gi mam Auto a mat Camionnette transportéiert. Jiddereen ass gutt drop a vun Nervositéit schéngt et nach keng Spuer ze ginn.

Eng néi Erausfuerderung

No bal siwe Stonnen am Bus a mat e bësse Verspéidung kommen d’Musiker:innen am Theater zu Apeldoorn un. Zäit fir eng Paus gëtt et awer net. Elo muss geprouft ginn. An dësem Theater ass nämlech d’Akustik eng ganz aner wéi dat de Virdag am Mierscher Theater de Fall war.

An et ass keen einfache Programm dëse Summer. E setzt sech zesummen aus Prokofiev, Bartók a Korngold. Stécker déi technesch usprochsvoll sinn. De Programm soll de Museker:innen pädagogesch gesinn eppes bréngen, hinnen awer och d’Chance gi méi seele Stécker kënnen ze spillen.

No der Prouf gëtt kuerz zu Owend giess. Lo ass namol de Moment fir duerch ze ootmen, sech ze stretchen oder sech nach kuerz an d’Sonn ze leeën.

Net Jidderee war zefridde mam Optrëtt vu Samschdeg

No Gespréicher mat verschiddenen Museker:innen, huet een eng haart Selbstkritik vum éischten Optrëtt eraushéieren. Den Dirigent Pit Brosius mëscht Courage.

 „De Moment vum Concert musse mir dat ausklammeren. Et ass gutt, datt si sou kritesch mat sech selwer sinn. Fir hir zukünfteg Karriär geet et net anescht. Mee kloer et ginn ëmmer Saache schif! Och als Profi bleift dat de Fall. Mee doriwwer muss een ewech gesinn. Dat wat wichteg ass, ass dat Emotionaalt, datt se Spaass hunn an datt mir d‘Musek zesumme kënne genéissen.“ 

Eng hallef Stonn virum Optrëtt ass an all Eck vum Theater een anert Instrument ze héieren. D’Hoer si gemaach, d’Owesgarderob sëtzt, elo gëtt et keen zeréck méi. An elo kann een och d’Nervositéit spieren.

© (c) Max Mausen
(Foto: (c) Max Mausen)

D'Zil vum ONJ, deen 2021 gegrënnt gouf, war et um Enn vun deenen éischte fënnef Joer an d'Ausland ze goen. Elo konnt en dat Zil schonn no dräi Joer erreechen. Dës Rees huet also d’Erwaardunge vum ONJ iwwertraff, an de President Pit Ewen weist sech ganz houfreg. 

Musek gesinn a fillen

Am Gespréich mat de Kënschtler:innen, erzielt eng datt fir si dat wichtegst un deem Projet d’Gefill vu Gemeinschaft a Solidaritéit wier. Net nëmmen hannert der Bün, mee och op der Bün. Si erzielt vun deem Moment wou tëscht de Kënschtler:innen e Bléck ausgetosch gëtt, e klengt Laachen an sech da Kläng vun deene verschiddenen Instrumenter synchroniséieren. An genau déi Synchronisatioun, déi Eenheetlechkeet, huet ee beim zweeten Optrëtt an Holland richteg gespuert. Méi villäicht nach wéi bei deem éischten. 

Et géif ee ganz vill Eenzeldeeler huelen, an déi zu engem Gesamte verbannen, erzielt een anere vun de Kënschtler an enger Paus.

Eng jonk Studentin aus Texas erzielt, datt si am Studium geléiert hätt, fir Musek ze spillen, misst ee Musek gesinn. An genau dat Gefill huet dee jonken Orchester an Holland konnten iwwermëttelen. An am grousse Concertssall konnt ee bal d’Musek gesinn danzen.

Standing Ovation

De Concert hällt op mat The Sea Hawk vum Korngold. 

Aus dem Publikum héiert een d’Leit “Bravo” ruffen. Standing Ovation. Déi zweet scho fir dëse Weekend. Op de Gesiichter vun de jonke Kënschtler:innen steet Erliichterung geschriwwen. Dat war et. Deen éischten Auslandsoptrëtt vum ONJ gepackt.

© (c) Max Mausen
(Foto: (c) Max Mausen)

Ofschléissend ass sech also Jiddereen eens: de Summerprojet vum ONJ mat Auslandsoptrëtt an Holland war e vollen Erfolleg. De Programm fir déi nächst Saison steet schonn. Do geet et da rëm méi traditionell a klassesch mat Wagner, Mozart a Beethoven.

Lauschterenplay_arrow