Am Grand-Duché wieren also scho Saachen op d’Bee gestallt ginn, huet de Minister betount. Dat schonn éier de Krich ugefaangen hat.
"Et gi verschidde Länner, déi zum Beispill sech kënne virstellen, an den Elektreschmarché anzegräifen. Dat maache mir scho mat deenen 150 Milliounen, dëst Joer. Gëschter huet de Klingbeil gesot, Däitschland misst sech mol ukucken, de Lëtzebuerger Modell ze huelen, wat d'Tankstellen ugeet."
Och Stéit méi Onofhängeg maachen
Op de Bensinsstatiounen hei am Land géifen dann och nach ëmmer déi bëllegst Präisser ronderëm gëllen.
Wat d’Hëtze betrëfft misst een de Leit aus Ofhängegkeeten eraushëllefen, esou de Lex Delles.
"Datt si manner ofhängeg si vu Masuttsheizungen zum Beispill, oder vu Gasheizungen."
D’Stéit wieren de Moment nach geschützt wat d’Stroum- a Gaspräisser ugeet. Konkret Mesuren huet de Wirtschaftsminister awer nach net genannt. Egal wéi eng Mesurë geholl ginn, misst een d’Versuergung - zum Beispill beim Bensin - garantéieren.
"Datt iwwer déi nächst zwee, dräi Méint mir de Bensin, den Diesel, de Masutt och hei zu Lëtzebuerg an a ganz Europa kënnen hunn."
Ze fréi, fir a Panik ze verfalen
D’Knappheet beim Bensin wier nach net esou grouss, datt een autofräi Sonndeger misst hunn, och wa méi Ofhängegkeete bei Diesel a Kerosin bestinn.
Dem Minister no kritt Lëtzebuerg a puncto Gas nëmmen e minimale Prozentsaz aus der Kriseregioun. Well ee bei der Versuergung awer un der Belsch hänkt, kéint dat emol Répercussiounen hunn, awer et wier nach ze fréi, fir a Panik ze verfalen.
Och wa wuel laangfristeg Reparaturen an der Kriseregioun ustéingen an da wuel och Präisënnerscheeder beim Gas.