Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Energie-Transitioun: Jidderee muss un engem Strang zéien

Rapport vun der internationaler Energie-Agence

Energie-Transitioun: Jidderee muss un engem Strang zéien

Ee Mount virun der Klimakonferenz, der COP28 zu Dubai, warnt déi international Energie-Agence virum Manktem un Effortë fir d’CO2-Emissiounen ze reduzéieren. Mat deem aktuellen Trend kéinten d’Temperature weltwäit ëm 2,4 Grad am Duerchschnëtt klammen.

auto_stories

2 min

© Marek Piwnicki / Unsplash
(Foto: Marek Piwnicki / Unsplash)

D’CO2-Emissiounen a generell d’Zäregasen si vill ze héich, an dat trotz dem Boom vun den alternativen erneierbaren Energien, déi sech weltwäit ëmmer méi verbreeden.

Vill Efforten zanter 2020

Et wier nach ëmmer méiglech d’Zil vun den 1,5 Grad Hausse vun den Duerchschnëttstemperaturen an dësem Joerhonnert ze erreechen, mee et gëtt ëmmer méi schwiereg, schreift d’Agence.
Am Rapport, deen eng 354 Säiten huet, geet déi international Energie-Agence dovunner aus, datt d’Käschten am Fall wou een näischt géint de Klimawiessel mécht, drastesch an d’Luucht géife goen.

Zanter 2020 goufe scho vill Efforte gemaach: d’Investissementer an erneierbaren Energië sinn ëm 40 Prozent geklommen. Mee bis 2030 missten et am Verglach mat haut zéng Mol méi Elektro-Autoe ginn, an den Undeel un erneierbaren Energien am weltwäiten Energiemix misst op 50 Prozent eropgoen.

OPEC: fossil Energië bleiwe wichteg

D’OPEC, d’Organsiatioun vun de Länner, déi Pëtrol exportéieren, geet awer dovunner aus, datt fossil Energien nach wärend Jore gebraucht ginn. Eng Behaaptung, déi awer vun der internationaler Energie-Agence a Fro gestallt gëtt. D’Argument, Pëtrol oder Gas wieren néideg fir den Approvisionnement ze garantéieren, wier net fondéiert. Déi aktuell geopolitesch Tensioune géifen dat kloer widderleeën.

D’Regierungen, d’Betriber, an d’Investisseure mussen d’Energie-Transitioun ënnerstëtzen, amplaz se ze verhënneren. Et gëtt sech erwaart, datt 2025 d’CO2-Emissiounen op engem Maximum leien, fir dono nees zeréckzegoen.