Radioen

On air

Kultur um 5  |  Scissor Sisters - I Don't Feel Like Dancin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmweltminister Serge Wilmes vum 9. bis 12. Dezember op der COP28

Dubai

Ëmweltminister Serge Wilmes vum 9. bis 12. Dezember op der COP28

Den Ëmweltminister Serge Wilmes wäert vum 9. bis den 12 Dezember op der Klimakonferenz COP28 zu Dubai si fir do un de Gespréicher op héijem Niveau deel ze huelen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka

An engem Schreiwes heescht et, datt Lëtzebuerg de Pakt vu Glasgow, deen op der Klimakonferenz virun zwee Joer decidéiert gouf, zu honnert Prozent ënnerstëtzt. Dozou gehéiert och d‘Reduktioun vun den Zäregaser ëm 55 Prozent bis 2030.

D‘Energieversuergung dierft deemno d‘Klimaschutzziler net a Fro stellen. Lëtzebuerg géif sech och fir Solidaritéit mat den Entwécklungsstaaten engagéieren, déi besonnesch vum Klimawandel betraff sinn.