Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Monk-Ambrose-Jazz Messengers-Kiefer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischte grousse Rendezvous fir den neie Klimaminister Serge Wilmes

Cop28 zu Dubai

Éischte grousse Rendezvous fir den neie Klimaminister Serge Wilmes

Als neien Ëmwelt- a Klimaminister reest de Serge Wilmes op Dubai fir den Optakt vun der dësjäreger Weltklimakonferenz. Bal 200 Länner verhandelen déi nächst zwou Wochen ënnert anerem doriwwer, wéi séier a wéi konsequent si op Gas, Pëtrol a Kuel solle verzichten. D’EU géif sech fir een ambitiéisen Accord asetzen, betount den CSV-Politiker am 100,7-Interview viru sengem Depart op Dubai. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
D'COP 28 zu Dubai ass den éischte grousse Rendezvous fir den neien Ëmwelt- a Klimaminister Serge Wilmes. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

D’Weltklimapolitik funktionéiert just, wann all Land och doheem seng Hausaufgabe mécht. Lëtzebuerg huet dofir een Energie- a Klimaplang mat bal 200 Mesuren. Wéi eng prioritär ëmgesat ginn, kann de Serge Wilmes nach net soen.

“Ech muss Mol bëssi nach... ech si lo réischt zéng Deeg do. Wat lo Mol d’Zil ass, datt mir eis ee ganz klore Plan d’action ginn, wou och eng Zäitschinn muss dra gesat ginn, fir ebe grad ze soen: dat éischt Joer dat, dat zweet Joer dat.”

Héich Subsiden: een neie System gëtt ausgeschafft

Déi nei CSV-DP-Regierung huet déi temporär Haussë vun de Klima-Subventioune bis elo net verlängert. Déi méi avantagéis Subventioune lafen also Enn dës Joers aus. Am Koalitiounsprogramm heescht et awer, et wéilt een déi erneierbar Energië méi séier wéi bis elo developpéieren.

Op d’Fro, firwat den Ëmweltministère net decidéiert huet, déi méi héich Subsiden ze verlängeren, heescht et: et wier ee mat all de concernéierte Ministèren am Gespréich, fir een neie System auszeschaffen.

COP 28: EU trëtt mat gemeinsamer Positioun un

Elo steet emol fir den neien Ëmweltminister als éischt ee wichtegen internationale Rendezvous un. Lëtzebuerg selwer huet zu Dubai keng ganz grouss Roll ze spillen: d’EU-Länner trieden op den UNO-Klimakonferenze mat enger gemeinsamer Positioun un. Ëmweltorganisatioune kritiséieren, datt d’EU sech am Kader vun der Weltklimakonferenz net kloer genuch fir ee komplette Verzicht op fossil Energiequelle bis 2050 asetzt. Déi europäesch Positioun ass ambitiéis, äntwert dorobber de Serge Wilmes.

“An dowéinst wäert d’Europäesch Unioun kloer maachen, datt mir sou séier wéi méiglech aus deene fossillen Energieträger mussen eraus kommen an den nächste Joren. Fir dann och d’1,5-Grad-Limitt, déi mir eis zu Paräis gesat hunn, kënnen anzehalen.”

Dubai mat eegenen Intressen?

Déi Vereenegt Arabesch Emirater – ee Land, dat vum Gas- a Pëtrolsexport lieft – organiséieren a presidéieren d’Weltklimakonferenz dëst Joer. Dat wier de Choix vun de UN-Memberlänner aus där Regioun, seet den Ëmweltminister.

“D’Emiraten hunn hir Kandidatur gestallt a si kruten se. Bon, da geet een dohinner. Well et ass awer do, wou déi ganz Welt sech trëfft, fir iwwer déi Ziler ze diskutéieren an ze verhandelen.”

Medieberichter no hätten d’Emirater wëlles dat internationaalt Treffen ze notze fir parallel déi eege Geschäftsinteressen – also de Verkaf vu klimaschiedlechem Gas a Petrol – virun ze dreiwen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Politik
Ëmwelt