arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dat ëmstriddent Reglement fir d‘Réckféierunge vu Flüchtlinge gouf ugeholl

EU

|
reading time

2 min

Dat ëmstriddent Reglement fir d‘Réckféierunge vu Flüchtlinge gouf ugeholl

Ëmstridden am neie Reglement si besonnesch d'Return Hubs an Drëttstaten. Flüchtlingen, deenen hir Asyldemande ofgeleent gouf, solle vum nächste Joer un an esou Zentere baussent der EU kënnen zeréckgeschéckt ginn. Och den Text iwwer déi sougenannt genomesch Techniken gouf ugeholl.

reading time

2 min

Europaparlament zu Stroossbuerg | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Ardan Fuessmann
Europaparlament zu Stroossbuerg (Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Ardan Fuessmann)

Ënner Gejubels a Riff no "send them back" vun der Droite gouf dat ëmstriddent neit Reglement iwwer d'Return Hubs ugeholl. Ënner de sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert hunn de Charles Goerens vun der DP, d'Martine Kemp an d'Isabel Wiseler-Lima vun der CSV, grad ewéi de Fernand Kartheiser vun der ADR fir dat Reglement gestëmmt. De Rescht, also de Marc Angel vun der LSAP an d'Tilly Metz vun deene Gréngen, hunn dogéint gestëmmt. 

Ënner anerem déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH hat sech am Virfeld ganz besuergt iwwer dat Reglement geäussert. 

Nei genomesch Techniken zougelooss 

 Och den Text iwwer déi sougenannt genomesch Techniken gouf ugeholl. Mat deenen Technike solle Planze méi resistent géint Dréchenten oder Krankheet ginn. D‘Kritiker gesinn dora Gefore fir déi méi kleng Produzenten a fir d‘Consommateuren.

Déi grouss Majoritéit vum Parlament huet sech awer hanner den Text vum Accord mat de Memberlänner gestallt. Dozou gehéieren déi zwou CSV-Europadeputéiert Martine Kemp an Isabel Wiseler-Lima genee ewéi den DP-EU-Deputéierte Charles Goerens. Dofir, deen Accord ze refuséieren hunn iwwerdeems de Marc Angel vun der LSAP, d’Tilly Metz vun deene Gréngen an de Fernand Kartheiser vun der ADR gestëmmt.

Zu Lëtzebuerg huet d‘Plattform vun ONGen, meng Landwirtschaft, gëschter d‘Lëtzebuerger EU-Deputéiert opgeruff gehat géint d‘Proposen ze stëmmen.