Et géif kloer drëm goen, fir Migranten dovunner ofzehalen, a Frankräich anzewanderen, an domat eng Iwwerlaaschtung vum soziale System ze verhënneren, esou de franséische Staatspresident. D‘Gesetz wier e Schutzschëld, dat bis elo gefeelt hätt.
Virwërf iwwer Kompromësser mat der Extrême droite huet de Macron vu sech gewisen. D‘Marine Le Pen vum Rassemblement national hat hirersäits vun enger ideologescher Victoire geschwat.