Et wier gutt fir d‘Friddensverhandlunge weider ze féieren, mee hie géif kee Wëlle vu Russland gesi fir Fridden. Och wa se strategesch den Ament amgaange wieren de Krich ze verléieren, esou de Macron.
D’EU-Spëtzten hunn der Ukrain haut bei hirer Visitt zu Kiew weider Support zougesot. Wéinst dem ungaresche Veto kënne si awer net, wéi geplangt, een neie Sanktiounspak géint Russland annoncéieren.
Och deen neien Hëllefspak vu 90 Milliarden Euro, dee schonn decidéiert war, ass duerch d‘Positioun vun Ungarn blockéiert. Den Emmanuel Macron ass zouversichtlech, datt d‘Ukrain déi Gelder nawell wäert kréien.