search

/ Emmanuel Macron: “Europa huet besonnesch Responsabilitéit géintiwwer Grönland”

Militärbase Istres

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Emmanuel Macron: “Europa huet besonnesch Responsabilitéit géintiwwer Grönland”

De franséische President Emmanuel Macron huet um Donneschdeg op der Militärbase zu Istres eng Ried viru franséischen Zaldote gehalen: hien huet iwwer déi geopolitesch Erausfuerderungen an iwwer déi europäesch Verteidegung geschwat.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Den Emmanuel Macron op der Base zu Istres | © EPA/PHILIPPE MAGONI / POOL
Den Emmanuel Macron op der Base zu Istres (Foto: EPA/PHILIPPE MAGONI / POOL)

Éischt franséisch Zaldoten si schonn a Grönland fir mat aneren europäesche Partner en Übungsmanöver ze preparéieren, esou den Emmanuel Macron.

An den nächsten Deeg scho sollen si nach iwwer Loft, Land a Mier Ënnerstëtzung kréien.

Europa hätt eng ganz besonnesch Responsabilitéit géigeniwwer Grönland, well d‘Insel zu Europa gehéiert, esou de Macron. Ouni d’USA ze nennen huet hie virun engem neie Kolonialismus gewarnt.

Weider Sujeten Iran an Ukrain

De franséische President huet och d’Gewalt am Iran schaarf verurteelt.

Der Ukrain huet hie weiderhin déi voll Ënnerstëtzung zougeséchert.

Méi Sue fir d'Defense

Hie wéilt, datt Frankräich méi Waffe géing produzéieren.

Och fuerdert de President 36 Milliarden Euro zousätzlech fir de franséischen Arméibudget bis 2030. Schonn dëst Joer sollen zousätzlech 3,5 Milliarden an d’Verteidegung fléissen.

play_arrow Lauschteren