Radioen

On air

Notturno  |  Midlake & John Grant - You Don't Get To

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Emiratesch Presidence schwächt d'Positioun zur fossiller Energie of

COP28

Emiratesch Presidence schwächt d'Positioun zur fossiller Energie of

Déi emiratesch Presidence vun der Weltklimakonferenz zu Dubai hätt d‘Positioun zu de fossillen Energie schonn ofschwächt, esou de Belsche Soir. Iwwerdeems wäerten déi global CO2-Emissiounen dëst Joer een Héichpunkt erreechen.

auto_stories

2 min

©  picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel

Déi global Ausstéiss vum Zäregas CO2 duerch déi fossil Energië Pëtrol, Kuel a Gas klamme weider a wäerten dëst Joer en neien Héichpunkt erreechen. Dat behaapt de Kollektiv Global Carbon Project an engem Rapport.

D‘CO2-Ausstéiss géife virun allem a China weider klammen, an den USA an an Europa géifen se zeréckgoen. Fir dëst Joer schätzt Global Carbon Project, datt déi global CO2-Emissiounen nach eemol ëm ronn 1 Prozent par Rapport zum leschte Joer, op en neie Rekord, wäerte klammen.

Et wier och elo inevitabel, datt d‘Limitt vun 1,5 Grad Äerderwiermung konstant a wärend Jore wäert iwwerschratt ginn, an dat mat 50 Prozent Chance schonn an den nächste siwe Joer, sou nach de Global Carbon Project, an dem eng 120 Wëssenschaftler a 95 Organisatioune regroupéiert sinn.

De Kollektiv mécht een Appell un déi aktuell Weltklimakonferenz zu Dubai, Decisiounen ze treffen, fir d‘CO2-Emissioune weider staark ze reduzéieren,

Déi emiratesch Presidence vun der Weltklimakonferenz zu Dubai géif awer elo scho probéieren, d‘Positioun zu de fossillen Energie ofzeschächen, esou de Belsche Soir. Am Resumé vun den éischten Deeg vun der COP28 géif deemno net méi driwwer Riets goen, fir ganz aus de fossillen Energien eraus ze klammen, mee just nach fir se ze reduzéieren, sou de Soir.