Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - The Hustle

play_arrow Live
search

/ Ëmgang mat syresche Flüchtlingen: UN rifft zur Gedold op

UN-Flüchtlingshëllefswierk

Ëmgang mat syresche Flüchtlingen: UN rifft zur Gedold op

D‘Vereenten Natioune rechnen domat, datt ronn eng Millioun Flüchtlingen an den éischte 6 Méint d‘nächst Joer a Syrien zeréck ginn. Dat sot d‘Direktesch fir den Noen Oste vum UN-Flüchtlingshëllefswierk. Si huet awer virdru gewarnt, syresch Flüchtlingen iwwerstierzt aus anere Länner zu engem Retour an hir Heemecht ze drängen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Hauke-Christian Dittrich | Hauke-Christian Dittrich
Foto: picture alliance / Hauke-Christian Dittrich | Hauke-Christian Dittrich

Et wier nach ze fréi fir ze bestëmmen, wéini et fir d‘Leit sécher ass, fir zeréckzekommen. Et géif een op d‘Regierungen zielen, fir Gedold ze hunn a keng drastesch Entscheedungen ze treffen.

Éisträich huet allerdéngs schonn ee Réckféierungsprogramm vu syresche Flüchtlingen ugekënnegt.

Hei am Land – grad ewéi an enger Partie aner EU-Staaten – sinn d‘Asylprozedure fir syresch Flüchtlingen den Ament op Äis geluecht.