Elo offiziell confirméiert: De CIA-Direkter John Ratcliffe war op Besuch zu Moskau
De Kreml huet confirméiert, datt den Direkter vum US-amerikanesche Geheimdéngscht, den John Ratcliffe, zu Moskau war. De Kreml-Spriecher Dmitri Peskow sot der Zeitung Washington Post, de CIA-Direkter wier komm wéinst "Kontakter tëschent de Geheimdéngschter".