Radioen

On air

Moiesstudio  |  Stella - Up And Away

play_arrow Live
search

/ Éisträich: Koalitiounsverhandlungen tësht ÖVP an SPÖ si geplatzt, Bundeskanzeler Nehammer trëtt zeréck

Politesch Kris

Éisträich: Koalitiounsverhandlungen tësht ÖVP an SPÖ si geplatzt, Bundeskanzeler Nehammer trëtt zeréck

Déi politesch Kris an Éisträich spëtzt sech zou. D‘Koalitiounsverhandlungen tëschent der konservativer ÖVP an der sozialdemokratescher SPÖ si geplatzt an doropshin huet de Chef vun der ÖVP an éisträichesche Bundeskanzler Karl Nehammer säi Récktrëtt ugekënnegt.

auto_stories

1 min

Karl Nehammer | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Karl Nehammer (Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Vun der ÖVP huet et de Samschdeg den Owend nach geheescht, datt eng Eenegung an de wichtegste Punkten net méiglech gewiescht wier an datt dowéinst d‘Gespréicher hu missen ofgebrach ginn.

Wéi genee et elo weider geet bleift nach onkloer. De Ball läit elo beim Bundespresident Alexander van der Bellen. Den éisträichesche Staatschef huet ugekënnegt, haut déi nächst Schrëtt annoncéieren ze wëllen.

Ee méiglechen Zenario, deen am Raum steet, sinn Neiwalen, déi a fréistens 3 Méint stattfanne kéinten.