Radioen

On air

Notturno  |  La Fa Connected - A Distant Fortune

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischten Optrëtt vum Finanzminister virun der Chamber-Finanzkommissioun

Finanzen

Éischten Optrëtt vum Finanzminister virun der Chamber-Finanzkommissioun

Den neie Finanzminister Gilles Roth huet der Chamber-Finanzkommissioun d’Kapitel ëffentlech Finanzen a Steieren aus dem Regierungsprogramm presentéiert. D’Oppositioun huet no der Sitzung bedauert, net vill Neies gewuer ginn ze sinn. Confirméiert gouf, datt déi temporär reduzéiert TVA-Tauxen op den 1. Januar 2024 erëm ëm all Kéier ee Prozentpunkt wäerte klammen. 

auto_stories

2 min

Den neie Finanzminister Gilles Roth. (Foto: SIP / Jilien Warnand)

Am sougenannte “Solidaritéitspak 2.0” war decidéiert ginn, datt den normalen, de mëttleren an de reduzéierten TVA-Taux fir d’Joer 2023 ëm all Kéier ee Prozentpunkt reduzéiert goufen.

Sam Tanson: "Dat war esou geplangt"

Den Deputéierte vun der Piratepartei Marc Goergen bedauert, datt dës Moossnam net verlängert gëtt.

"Déi war jo elo op 16 Prozent. Dofir hunn ech dem Minister d’Fro gestallt, ob hien dann net gewëllt wier, fir dat bäi ze behalen. Well d’CSV huet méi Kafkraaft versprach: dat éischt wat d’CSV elo wäert maachen, ass d’TVA mol op 17 Prozent erop ze setzen."

D’Deputéiert vun deene Grénge Sam Tanson erënnert dorun, datt d’Reduktioun vun den TVA-Tauxen eng temporär Moossnam war. Wann d’Tauxen a gutt engem Mount erëm klammen, dat wäert dat hirer Aschätzung no een Impakt hunn.

"Op d’Inflatioun an op d’Präisser insgesamt. Dat war esou geplangt. Si hat jo - laut deene leschten Informatiounen, déi ech vum STATEC nach héieren hat - datt se och een Impakt hat en terme vun Inflatiounsbekämpfung."

Eng Verlängerung vun den niddregen TVA-Tauxen?

Ob CSV an DP an hire Koalitiounsverhandlungen net iwwer eng eventuell Verlängerung vun de méi niddregen TVA-Tauxen diskutéiert hunn, wollt den neie Finanzminister net verroden.

"D’TVA op 16 Prozent war eng Sofortmoossnam fir d’Joer 2023. D’Kafkraaft vun de Leit, do gitt Dir dat richtegt Stéchwuert, dofir handelt dës Regierung am Sënn vu Lëtzebuerg a seng Leit fir d’Zukunft ze stäerken. An dofir wäert ab dem 1. Januar véier Indextranchen an der Steiertabell inflatiounsberengegt ginn. Dat ass eng Entlaaschtung vun iwwer zéng Prozent."

An de Finanzminister Gilles Roth plangt der Chamber-Finanzkommissioun dëse Gesetzprojet an der Sitzung dësen Donneschdeg virzestellen.

Donieft huet d’Finanzkommissioun sech mam Gesetzprojet fir de provisoresche Staatsbudget fir déi véier éischt Méint vum Joer 2024 beschäftegt: ee Projet, deen d’Chamber nach dëst Joer muss stëmmen.

Rapportrice vun dësem Projet gëtt d’CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Finanzkommissioun Diane Adehm.

Aktualitéit
Politik