Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lady Gaga – Mayhem

play_arrow Live
search

/ Éischten Accord getraff: Eidel Camionen dierfe passéieren

Blockad un der ukrainesch-polnescher Grenz

Éischten Accord getraff: Eidel Camionen dierfe passéieren

Dëse Weekend gouf een éischten Accord getraff, nodeems polnesch Transportentreprisen ee Mount laang déi ukrainesch Grenz blockéiert haten. E Méindeg um Mëtternuecht gouf eng zousätzlech Spuer opgemaach, fir eidel Camionen aus der Ukrain passéieren ze loossen.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka)

No engem Mount Blockaden ass et den éischten Accord, deen eng Verbesserung vun der Situatioun un der ukrainesch-polnescher Grenz versprécht. Zanter der Ophiewung vun der Duerchfaartsgeneemegung vun der Ukrain an d’EU sinn d’Bezéiungen tëscht Kiew a sengen Nopere vun enger Handelsrivalitéit vergëft, esou eise Polen-Korrespondent Adrien Sarlat.

Sträit ëm d’Konkurrenz

Op der enger Säit sinn d’Ukrainer, déi hir Exporter an de Westen ëmleeden. Op der anerer Säit befanne sech d’polnesch Transportentreprisen, déi d’Ukrain fir onfair Konkurrenz uprangeren. Si géingen ëm hir Konkurrenzfäegkeet fäerten.

D’Erlabnis, fir de Grenziwwergang Uhriniv eidel kënnen ze passéieren, fir zeréck a Polen ze kommen, ass een éischte Schrëtt vun der ukrainescher Säit. Allerdéngs ännert dat näischt fir déi honnerte vun ukrainesche Chauffeuren, déi zanter Wochen net an hiert Land erakommen.

Polen kéint de Streik verlängeren

Den Accord géing allerdéngs Mutt maachen. Kiew fäert nämlech duerch d’Lämung vun den Transportentreprisen een Energiemanktem an der vum Krich belaaschter Ukrain. Och aner europäesch Länner fänken un, d’Käschte vun dëser Blockad ze droen: D’lescht Woch huet Lettland e Verloscht vun 30 Milliounen Euro am Export gemellt.

Polen hat schonns ugekënnegt, de Streik bis Februar 2024 ze verlängeren, wa bis un d’Enn vum Joer keen Accord fonnt géif ginn.