Radioen

On air

Notturno  |  Julien Gasc - Amours Velours

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Éischte Message vum Poopst zënter Aliwwerung an d'Spidol

Audiomessage u kathoulesch Gleeweg

Éischte Message vum Poopst zënter Aliwwerung an d'Spidol

De Poopst François huet sech um Donneschdeg an engem Audiomessage un déi kathoulesch Gleeweg adresséiert. Fir déi éischte Kéier zënter hie virun dräi Wochen an d'Spidol ageliwwert gouf. Am Message seet hien de Gleewege Merci fir hir Gebieder.

auto_stories

1 min

Poopst Franziskus | © picture alliance / ipa-agency | VATICAN MEDIA
Poopst Franziskus (Foto: picture alliance / ipa-agency | VATICAN MEDIA)

De Message gouf Donneschdegowend op der St. Péitersplaz ofgespillt. Dem Poopst seng Stëmm klengt ganz dënn, seng Aussoe sinn och nëmme schwéier verständlech, well de Chef vun der kathoulescher Kierch wéinst enger Longenentzündung schlecht Loft kritt.