Zu Lëtzebuerg ass d‘Sonnendäischtert nëmme partiell. D‘Sonn wäert hei zu ronn 90 Prozent bedeckt sinn. D‘Sonnendäischtert fänkt um 19:20 Auer den Owend un. Fir sech dat unzekucke soll een am beschten op méi héich geleeë Plaze goen.
Ganz wichteg ass et, net mat de bloussen Aen an d‘Sonn ze kucken, mee nëmme mat spezielle Brëller fir Sonnendäischterten. Ouni déi Brëller kann et ganz séier zu permanente Schied un den Ae kommen, esou de Gesondheetsministère an engem Communiqué.