Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Et gëtt eng grouss Conclusioun no der éischter Sëtzung vun der Caritas-Spezialkommissioun

Chamber

Et gëtt eng grouss Conclusioun no der éischter Sëtzung vun der Caritas-Spezialkommissioun

Et gëtt e grave Manktem un Enquêteuren. Dat ass d’Conclusioun vun den Deputéierten no der Sëtzung vun der Spezialkommissioun Caritas um Mëttwochmoien.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

D‘Deputéiert an der Caritas-Spezialkommissioun an der Chamber wieren um Mëttwochmoien net vill iwwert d‘Enquête selwer an der Bedruchsaffär gewuer ginn. Et hätt een awer allgemeng Erklärungen iwwert den Oflaf vun enger "fraude au président“ kritt. Dat war den Tenor vun den Deputéierten no der Sëtzung.

E groussen Turn over

Ageluede waren d‘Procureure générale d’Etat, d’Martine Solovieff, de Procureur d’Etat Georges Oswald, d‘Direktioun vun der Cellule de Renseignement financier an déi Responsabel vun der Enquêten. Mee iwwert déi lafend Enquête hu si net vill Präis ginn, esou déi Deputéiert.

Net nëmme géif et un Enquêteure feelen – d’Martine Solovieff hätt an der Kommissioun gesot et géifen et duebel esou vill wéi bis elo gebraucht ginn – mee et hätt am Dossier Caritas, deen zënter ronn 6 Méint op ass, scho vill Changement beim Personal ginn. D’Presidentin vun der Spezialkommissioun d‘Stephanie Weydert schwätzt vun engem groussen Turn over, deen d'Martine Solovieff beschriwwen huet.

"Mee dass et generell e ganz groussen Turn over och beim Parquet gëtt. Sou wéi mengen ech an alle Metieren bei Affekoten, ass et selwecht, well och d’Leit an d’Magistratur ginn, oder an de Privatsecteur, mee wéi vill Leit hei spezifesch op dëser Affär geschafft hunn, dat hu mir net gesot kritt."

Lauschterenplay_arrow

D’Deputéiert betounen no der Kommissioun, datt de Rôle vun der Spezialkommissioun et net wier, eng eegen Enquête parallel zum Parquet ze féieren. Et géif drëm goen, ze kucken, wéi een de legislative Kader verbessere kéint, fir datt esou Detournementer net méi passéiere kënnen.

An der nächster Sëtzung vun der Spezialkommissioun d’nächst Woch wäerten dann déi concernéiert Ministere gehéiert ginn.