Radioen

On air

Notturno  |  Coco - Come Along

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Plenière-Sitzung no der Summerpaus

Europaparlament

Éischt Plenière-Sitzung no der Summerpaus

Rentrée Méindeg den Owend am Europaparlament: Op senger éischter Plenière-Sitzung no der Summerpaus gouf iwwer nei intern Reegelen diskutéiert, déi als Konsequenz vum Korruptiouns-Skandal sollen agefouert ginn. Enner anerem ass geplangt, datt all Reunioun mat Lobbyiste mussen ëffentlech gemaach ginn.

auto_stories

1 min

Déi Gréng an d‘Sozialisten hate sech méi ambitionéiert Ännerunge gewënscht. Der Europäescher Vollekspartei ginn d‘Virschléi par contre ze wäit. E Mëttwoch stëmmt d'Plenière doriwwer of. 

Am Europaparlament gëtt haut och iwwer d’Energie Direktiv ofgestëmmt, si leet fest datt d’Memberstaten hiren Undeel un erneierbarer Energie mussen erop schrauwen, dat vun 30 op 45 Prozent bis 20230. Generell sollen déi administrativ Prozedure fir d’Installatioun vu Wandrieder an Photovoltaikanlage vereinfacht ginn. Wann no 12 Méint keng Äntwert fir eng Autorisatiounsufro virläit gelt de Projet automatesch als geneemegt. D’Direktiv leet och Importziler fir grénge Stroum fest.