Radioen

On air

De Moien  |  Wéi heescht Konscht

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Éischt Gespréicher iwwer EU-Top-Jobs

An der Suite vun den Europawalen

Éischt Gespréicher iwwer EU-Top-Jobs

Wie gëtt Chef oder Cheffin vun der Europäescher Kommissioun? Wie kritt de Poste vum Conseilspresident? Et gëtt erwaart, datt d’Ursula von der Leyen op en Neits fir de Poste vun der Kommissiounscheffin nominéiert gëtt. Ob dat awer schonn haut geschitt, ass net sécher.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

EU-Conseil Fändelen | © European Council play_arrow
Foto: European Council

Sécher ass dat effektiv net, och well dat Ganzt ee Pak ass. An deem Pak ass nieft dem Posten un der Spëtzt vun der Kommissioun och dee vum Conseilspresident oder Presidentin - där Persoun also, déi d’Reunioune vun de Staats- a Regierungscheffen organiséiert a leet, dann dee vum EU-Baussebeoptraagten an normalerweis och d’Presidence vum Europaparlament.

D'Ursula von der Leyen huet déi beschte Chancen

Dem EU-Traité no sinn d’Staats- a Regierungscheffen ugehalen, de Kommissiounschef - oder Cheffin ze nominéieren - andeems si d’Resultat vun den Europawalen a Betruecht huelen. Méi steet do net - si hunn also am Prinzip fräi Hand. Usproch op de Posten erhieft de Walgewënner vum leschte Sonndeg, d’Europäesch Vollekspartei mat hirer Spëtzekandidatin, där aktueller Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen.

Si huet och ganz gutt Chancen - et waren aner Nimm am Gespréich, déi eventuell de franséische President Emmanuel Macron hätt kënnen aus dem Tirang zéien - esou wéi hien dat viru 5 Joer gemaach hat - deemools war net den EVP-Spëtzekandidat Manfred Weber als Kommissiounspresident nominéiert ginn - mee d’Ursula von der Leyen gouf no laangen Diskussioune fir dee Poste festgehalen. No de schlechte Resultater vum franséische President senger Partei bei den Europawalen ass awer dës Kéier wuel net mat esou engem Coup ze rechnen.

D'Sozialiste wëllen de Poste vum Conseilspresident

Wat de Recht vun de Posten ugeet - esou erhiewen d’Sozialisten den Usproch op dee vum Conseilspresident - am Gespréich ass hei de fréiere portugisesche Premier Antonio Costa. Déi Liberal kéinten dee vum EU-Baussebeoptragte kréien - hei kurséiert den Numm vun der estescher Premierministerin Kaja Kallas.

Da bleift d’Fro, ob a wéi eng Roll d’Zukunft vum sozialistesche Spëtzekandidat, dem Lëtzebuerger Nicolas Schmit an deene Verhandlunge spillt - spréch ob een héije Posten an der Europäescher Kommissioun fir hien een Deel vun deem ganze Pak ass oder net?

Eventuell gëtt ee sech haut schonn eens

Et kéint sinn, datt et haut schonn zu engem Accord kënnt. Wann net, da gëtt um regulären EU-Sommet de 27. an 28. Juni weider verhandelt.

Den informellen EU-Sommet mat de 27 Staats- a Regierungscheffen, dorënner och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden, ass den Owend vu sechs Auer un zu Bréissel.

Lauschterenplay_arrow