Dës Investigatioun iwwer d’Hannergrënn vum Milliounebedruch bei der kathoulescher Organisatioun huet de radio 100,7 ënnert dem Titel “Carambolage” am Doku-Podcast Zeenewiessel publizéiert.
De Prix Europa zeechent all Joers déi bescht europäesch Audio-, Video- an digital Medieproduktiounen aus. Nominéiert sinn dëst Joer eng 160 Produktiounen aus 30 Länner.
D’Gewënner ginn den 10. Oktober zu Berlin annoncéiert.
Organiséiert gëtt de Prix Europa vun enger Allianz vu 24 ëffentlech-rechtleche Medien mat der Ënnerstëtzung vum Land Berlin.