Dës Zuele kommen aus der Trail-Etüd, déi vun IP Lëtzebuerg, der Régie publicitaire vun RTL Group, an Optrag gi gouf.
Par rapport zur leschter Editioun vun der Ëmfro huet den 100,7 bäigeluecht. Déi meescht aner Radioen hu liicht verluer.
RTL Radio Lëtzebuerg bleift mat 30,3 Prozent de Sender mat der héchster Dagesecoute, virun Eldoradio mat 16,5 Prozent. Der Ëmfro no lauschteren 355.000 Persounen hei am Land all Dag Radio. Déi meescht dovun am Auto.