Den Ament wier am Parlament keng Nofro direkt dofir do, sot de Claude Wiseler am 100,7-Interview. Dat gesinn awer net all Deputéiert esou.
Versteesdemech vun der LSAP
Vun enger Oppositiounspartei gëtt et Versteesdemech fir dem Claude Wiseler seng Positioun. Den LSAP Deputéierten a Vize-President vun der zoustänneger Chamberkommissioun Yves Cruchten mengt et géif duer goen, wann de Premier d’Kommissioun virdru brieft. Eng Chamberdebatt wier organisatoresch an och politesch schwiereg.
"Mee et ass virun allem awer och politesch mengen ech e Problem, well et kéint awer och dozou féieren datt der Regierung do ze vill fest Handschellen undeet."
Sam Tanson: zousätzlech Debatt kéint konstruktiv sinn
Och d’Deputéiert vun déi gréng Sam Tanson begréisst, datt d’Regierung déi zoustänneg Kommissioun viru Sommeten informéiert. Eng zousätzlech Debatt an der Chamber kéint fir si awer duerchaus konstruktiv sinn.
"Et geet eigentlech manner dorëm elo een total anzeengen wéi dorëmmer déi Sujeten och am Virfeld ze diskutéieren, ze wësse mat wéi enger Positioun geet d'Regierung anzwuersch eran, vläit och ze kucke wéi grouss de Spillraum ass."
Fernand Kartheiser: Ofhängeg vun der Agenda
Et bräicht een net onbedéngt virun all Sommet eng Debatt, mengt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. Fir hie misst een dat vun der Agenda vun den Debatten an der Chamber ofhängeg maachen.
"Normalerweis geet et duer wann de Minister brieft an e lauschtert e bëssen op d'Deputéierten, mee heiansdo sinn esou wichteg Froen, déi mussen net onbedéngt um Niveau vum conseil européen sinn, déi kënnen och an engem vun de Ministerréit sinn, datt een dann awer un eng Debatt sollt denken."
Dissonanzen tëschent Parlament a Regierung
E Regierungschef dee mat engem Mandat vu sengem Parlament an d'EU-Verhandlunge geet huet méi Gewiicht, fënnt de Sven Clement vun de Piraten. Bei esou Debatte kéint et duerchaus Onstëmmegkeeten tëscht Parlament a Regierung ginn.
"Ech ka mer ganz gutt virstellen dat bei den JAI-Dossieren, also justice an affaires intérieurs wou elo de Léon Gloden Lëtzebuerg vertrëtt eng Plenière warscheinlech eng méi moderat Stellung hëlt wéi elo en dach méi riets-konservativ agestallten Inneminister."
Och déi Lénk schwätzen sech fir esou Debatten aus. Dat hätt seng Partei bei e puer Geleeënheeten och schonn ëffentlech gefuerdert, sou den David Wagner.