D'Aussoe kommen nodeems déi zoustänneg EU-Ministeren Ufank der Woch nei Passagéierrechter op de Wee bruecht hunn. Schonn déi lescht Woch hat d'EU-Parlament de neie Reegele gréng Luucht ginn.
Besser Informatioun iwwer d'Passagéierrechter
Am Mëttelpunkt vun de neie Reegele stinn Entschiedegunge bei Retarden an Ausfäll, méi Transparenz bei den Ticketspräisser an eng besser Informatioun fir Passagéier.
Et wier wichteg d’Passagéier besser ze informéieren, esou d’Martine Hansen.
„Nëmme 50 Prozent vun de Leit wëssen, datt se fir d'éischt mussen d'Airline kontaktéieren. Och dee Message musse mer nach méi kloer erausginn.“
Gratis Traitement vun de Plainten
Passagéier kënnen, wa si an hire Rechter blesséiert goufen, Kontakt mam NEB, dem National Enforcement Body vum Konumentenschutz ophuelen. Den NEB vertrëtt dann de Passagéier géigeniwwer vun der Fluchgesellschaft.
Wichteg wier awer, datt ee fir d'éischt selwer probéiert, de Problem mat der Fluchgesellschaft ze klären, esou d’Martine Hansen.
"Wat flott ass fir Lëtzebuerg, dat ass, datt den NEB, dat heescht de Staat, déi individuell Plainten traitéiert an dat gratis. Dat ass u sech, europawäit, mengen ech ee vun deenen eenzegen, déi dat maachen."
Fir Flugpassagéier besser iwwer hir Rechter ze informéieren, sollen d’Informatiouns-Campagnen am Tram an um Flughafe weidergefouert ginn. Dës lafen zënter leschtem Joer, esou nach d'Martine Hansen.