Radioen

On air

9 bis 1  |  Madonna - Material Girl

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ee Walowend mam Raphaël Glucksmann

Europawalen 2024

Ee Walowend mam Raphaël Glucksmann

“Réveiller L’Europe” - ënnert dësem Motto trëtt de Sozialist Raphaël Glucksmann bei der Europawal a Frankräich un. An de Sondagë läit hie knapp ee Prozent hannert der Kandidatin vun der Regierungspartei Valérie Hayer op Plaz dräi an ass sécherlech de groussen Iwwerraschungskandidat bei dëser Wal.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | STR

Wat ass d’Erfollegsrezept vum Glucksmann a wéi bléckt seng Wielerschaft op den Erfolleg vun der Extrême-Droite? De Max Tholl war gëschter Owend zu Paräis beim Meeting vum Glucksmann senger Partei Place Publique.

"Et huet keen eis komme gesinn", rifft de Raphaël Glucksmann um Donneschdegowend an de Sall vum Paräisser Zénith, deen europäesch blo a sozialistesch rout gefierft ass. Euphoresch gëtt de groussen Iwwerraschungskandidat vun dëser Europawal a Frankräich vum Public empfaangen. 2019 koum hie mat knapp 6 Prozent op déi sechste Plaz, elo kéint hien dëst Resultat méi wéi verduebelen. Wat zeechent de Kandidat Glucksmann a seng Politik aus? Fir de Public verkierpert hien d’Zukunft vun der franséischer Gauche:

“Raphaël Glucksmann, c’est vraiment la nouvelle génération du partie socialiste."
“Pour moi personellement, Glucksmann représente parfaitement la gauche aujourd’hui.”
“Justement, c’est quelqu’un qui n’est pas idéologue, [il est] pragmatique”
“Il est quand même très présent sur internet, donc je suis assez curieuse de participer à ce genre d’événement pour voir ce qu’il a à dire.”

Konkurrenz fir d'Regierungsparteien?

Am Lager vun der Regierungspartei bléckt ee besuergt op de Succès vum Glucksmann, deen an de Sondagë Kapp u Kapp mat hirer Spëtzekandidatin Valérie Hayer läit. Konnt de Glucksmann een Deel vun den enttäuschte Wieler vun der Regierungsmajoritéit iwwerzeegen?

“Il y avait quand même beaucoup d'électeurs de centre-gauche qui avaient voté Macron et qui appliquaient de plus en plus une politique de droite. Donc je pense qu'au fur et à mesure, ces électeurs ont dû un peu quitter le navire.”
“Pour notre cas, on n'est pas du tout convaincu de voir Valérie Hayer, qu'on trouve assez décevante. Du coup, on s'est davantage intéressé au cas de Raphaël Glucksmann.”

De Glucksmann huet eng Visioun

Niewent dem Glucksmann betrieden um Owend nach aner lénk Schwéiergewiichter de Podium, dorënner d’Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo, de Sozialistechef Olivier Faure an och de Spëtzekandidat Nicolas Schmit, deen a senger Ried ënnersträicht, datt ee sech, am Géigesaz zu der Droite, kloer vun de Rietspopulisten distanzéiert.


“Il n'y a pas, pas un millimètre d'alliance possible, de compréhension possible avec ceux qui n'ont qu'un projet: détruire cette Europe.”

De Star vum Owend, de Raphaël Glucksmann schwätzt iwwer eng Stonn a presentéiert seng Visioun fir een Europa, wat sengen Ofhängegkeeten entkënnt.

“Car nous ne pouvons pas être libres si nous sommes consommateurs simplement. Consommateurs de sécurité produite aux États-Unis, consommateurs d'énergie produite dans le Golfe, consommateurs de biens produits en Chine.”

Een Europa, wat sech selwer verdeedege kann, wat op eng gréng Réindustrialiséierung an Energie setzt a sech fir Solidaritéit a Fridden an der Welt staark mécht - dat proposéiert de Glucksmann a schéngt domadder säin Erfollegsrezept fonnt ze hunn.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.