Wéi et am Communiqué heescht, géife si sech den Ament mat engem Fall vun "abus sexuels" duerch een Dokter befaassen. Konkret géif et ëm e Generalist vun 52 Joer goen, deen am Oste vum Land praktizéiert huet.
De Parquet wier schonn den 9. Juli 2021 iwwert de Fall informéiert ginn. Zwee Patienten haten deemools eng Plainte gemaach. Nodeems eng drëtt Persoun e rezente sexuelle Mëssbrauch gemellt huet, koum de concernéierten Dokter nach eemol virun den Untersuchungsriichter.
Den 23. Februar gouf en Haftbefeel ausgeschwat. Op Uerder vun der Chambre du conseil vum Dikrecher Parquet koum den Dokter an Untersuchungshaft.
D'Enquête leeft et gëllt d'Présomption d'innocence.