Radioen

On air

Thé Dansant  |  XTC - Making Plans For Nigel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ecuador: President Noboa gewënnt Stéchwal - Géigekandidatin erkennt Walresultat net un

Südamerika

Ecuador: President Noboa gewënnt Stéchwal - Géigekandidatin erkennt Walresultat net un

An Ecuador huet den aktuelle President Daniel Noboa d'Presidentewal gewonnen. Déi lénk Politikerin Lusia González, déi mam Noboa an der Stéchwal war, erkennt d'Walresultat awer net un.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier)

Der Walautoritéit no krut den Daniel Noboa ronn 56 Prozent vun de Stëmmen. D'Lusia González kënnt op ronn 44 Prozent. Si huet eng nei Auszielung vun de Walbulletine gefuerdert.

D'Erausfuerderunge fir den erëmgewielte President bleiwen d'Sécherheet- a Wirtschaftskris. Am Ecuador si grouss Drogebanden aktiv. De President hat den Ausnamezoustand deklaréiert an d'Arméi géint Drogebanden agesat. Donieft ass den Ecuador zënter engem Joer an enger Rezessioun: D'Aarmut an de Chômage si geklommen a vill Leit wanderen aus.