Radioen

On air

Notturno  |  Dhaima - Reggae On Sunset

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Echec bei der Verhandlung fir d'Kompensatioun vun de Klimawandel-Schied fir vulnerabel Länner

Ägypten

Echec bei der Verhandlung fir d'Kompensatioun vun de Klimawandel-Schied fir vulnerabel Länner

An Ägypten gouf an de leschten Deeg iwwert ee Fong verhandelt, deen d‘Verloschter an d‘Schied soll kompenséieren, déi de Klimawandel an de vulnerabele Länner vum Süden uriicht. Déi Gespréicher sinn hënt mat engem Echec op en Enn gaangen.

auto_stories

1 min

Iwwert d‘Kreatioun vum Fong war een sech op der Cop 27 d‘läscht Joer an Ägypten prinzipiell eens ginn. D‘Detailer waren awer net gekläert. Et geet ëm d'Form vum Fong, ëm d‘Beneficiairen, an ëm déi, déi bezuelen. Dat sollt un sech gekläert ginn, bis d‘Cop 28, déi vum 30. November un zu Dubai ass.

Een neien Ulaf fir de Fong soll elo op enger Reunioun Ufank November an de Vereenegten Arabeschen Emiraten geholl ginn.