D'Zënshausse vun der EZB soll dofir suergen, datt d'Inflatioun erofgeet. Se koum wéineg iwwerraschend. Schonn Deeg a Woche virun der Decisioun waren d'Experte sech quasi sécher, datt d'Zënse wäerten eropgesat ginn.
Gaston Reinesch schwätzt vun Inflatiounsdynamik
Schonn am Mee gouf den Impakt vum Krich am Noen Osten, virun allem déi héich Pëtrolspräisser, ganz däitlech. Nom US-amerikanesch-israeeleschen Ugrëff op den Iran am Februar ass d'Inflatioun an der Eurozon séier geklommen. Am Januar an am Februar loung se nach ënner 2 Prozent, am Mee ass se awer op 3,2 Prozent geklommen. Also wäit iwwer den 2 Prozent, déi d'EZB ustrieft, fir d'Präisser stabil ze halen.
De Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank, de Gaston Reinesch, schwätzt vun enger Inflatiounsdynamik.
"Eis Projektioune weisen, datt duerch déi Effeten sech eng Inflatiounsdynamik entwéckele kann a Richtung vun 3,5 Prozent, mat engem Risiko esouguer do driwwer ze goen."
D‘EZB wëllt déi Dynamik stoppen. Mat engem Retour bei d’Zwee-Prozent-Inflatiouns-Zil rechent se awer eréischt 2028, sot EZB Presidentin Christine Lagarde.
Wat bedeit dat elo konkret?
D‘EZB huet elo dee wichtegsten Zënstauxen ëm 0,25 Prozentpunkte gehéicht, vun 2 op 2,25 Prozent. Deemno gëtt et elo nees méi séier fir Suen ze léinen, fir d'Leit a fir d'Betriber. Dat géif normalerweis dozou féieren, datt manner Kreditter opgeholl ginn, datt d'Betriber manner investéieren, an d'Leit manner consomméieren a manner Suen ausginn.
Engersäits ginn nämlech d'Kreditter méi deier, dorënner och Immobilie-Kreditter. Anerersäits lount et sech méi, Suen ze spueren, well ee méi Zënsen um Gespuerte kritt.
Et kann een also dovun ausgoen, datt déi ganz Ekonomie manner séier dréint. Dat huet deemno och een Impakt op d'Präisser. Wa manner investéiert a consomméiert gëtt, fält d'Demande, an an deem Fall - normalerweis - och d'Präisser an d'Inflatioun.
Et besteet awer och de Risiko, datt déi méi héich Zënsen d'Ekonomie ze vill bremsen. Den aktuell Wirtschaftswuesstem, dee souwisou fir de Moment scho méi lues dréint, kéint nach méi gebremst ginn an an eng Rezessioun ëmschloen. Deem Risiko ass sech d'EZB bewosst.
Wéi wäert et weider goen?
D'EZB-Presidentin Christine Lagarde sot gëschter awer, d'EZB géif d'Ekonomie an der Eurozon, trotz de geopoliteschen Onsécherheeten, den Ament als zimmlech resilient astufen.
Och de President vun der Lëtzebuerger Zentralbank gesäit dat esou.
"Mir gesinn, datt d'Konjunktur net esou schlecht ass. Et ass eng gewëss Resilienz an der Ekonomie do. An dofir dierft déi hei Hausse vun den Zënsen elo net eng Rezessioun provozéieren, mee si wäert hëllefen d'Inflatioun ofzebremsen. An dat ass u sech och fir zukünfteg Investissementer eng gutt Saach."
Iwwer zukünfteg Zëns-Decisiounen huet d'Christine Lagarde net vill gesot. D'Finanzanalysten an Händler laueren op all Wuert dat si seet fir eventuell Decisiounen ze antizipéieren. Dofir seet si, d'EZB géif sech elo net op ee Wee, nämlech Zënshaussen, festleeën. Mee si géif weider Decisiounen op Basis vun Daten huelen, also jee nodeem wéi d'Situatioun am Noen Osten sech weider entwéckelt.
De Chef vun der nationaler Zentralbank ass do e bësse méi konkret.
"Wann ee sech an dee Kader vun der Onsécherheet do stellt, kann een aktuell net ausschléissen. Mee dat muss net de Fall sinn."
Ob bis Enn vum Joer nach eng weider Zënserhéijung kënnt, hänkt vun der Dauer vum Krich of.
"Wéi intensiv déi Präisschocken do sinn, wéi persistent se sinn a wéi se sech entwéckelen duerch dee ganze System an der Ekonomie."
Och vill Wirtschafts- a Finanzexperte mengen, datt d'EZB dëst Joer wuel nach eng oder zwou Hausse wäert decidéieren.