search

/ EU verhänkt Strof vun 890 Milliounen Euro géint Google

Verstéiss géint EU-Recht

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

EU verhänkt Strof vun 890 Milliounen Euro géint Google

D’EU-Kommissioun koum zur Conclusioun, datt den amerikanesche Konzern mat senger Sich-Maschinn a senger App-Verkafsplaz “Google Play” d’Konkurrenz benodeelegt huet.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Google | © picture alliance/dpa | Matthias Balk
Google (Foto: picture alliance/dpa | Matthias Balk)

Google huet d’Offere vun eege Servicer méi prominent presentéiert an deels Restriktiounen agefouert, déi verhënneren, datt Konsument:innen iwwer Alternativen informéiert ginn.

Google soll eege Servicer méi prominent gewisen hunn

D’Strof deelt sech an zwou Partien op. Eng éischt Strof vu ronn 460 Milliounen Euro betrëfft d’Sichmaschinn vu Google. Der Europäescher Kommissioun no wieren déi eege Servicer méi prominent gewise ginn, wéi déi vun aneren Ubidder.

Wien op Google eppes sicht, fir ze kafen oder een Hotelszëmmer, een Dësch an engem Restaurant ze reservéieren oder awer no engem Sportresultat sicht, kritt als éischt haus-eegen Offere méi däitlech visibel a besser placéiert wéi déi vun aneren drëtte Partien ugewisen.

Dat verstéisst géint den “Digital Markets Act”, deen déi grouss Online-Plattformen an der EU reegelt.

Och Google Play steet an der Kritik

Déi zweet Strof vu 430 Milliounen Euro bezitt sech op Google Play, also d’Plaz op där een op Google no Apps sicht.

Hei missten den EU-Reegelen no Entwéckler, déi Apps iwwer Google Play ubidden, à même sinn hir Clienten iwwer Alternativen (déi dacks méi bëlleg sinn) ze informéieren a se dann direkt op déi Offeren ze leeden, fir Akeef ze maachen zum Beispill ob Web-Säiten oder aneren Apps. 

Dat ass den Ament awer net de Fall. Aner Servicer wéi Google mussen eng fair Chance hunn, fir vun de Visiteure vun de Google-Säite fonnt ze ginn, esou een EU-Offiziellen.

Enquête leeft zënter 2024

D’Europäesch Kommissioun hat am Mäerz 2024 eng Enquête géint Google lancéiert.

Den 19. Mäerz zejoert hat Bréissel d’Online-Plattform iwwer Bréch mam EU-Gesetz informéiert, d’Decisioun vun haut gouf no enger grëndlecher Analyse geholl.

An op mannst 80 bis 90 Reunioune wier mat Vertrieder vu Google iwwer d’Prozedur an d’Strof diskutéiert ginn, esou eng EU-Source.  Involvéiert waren och déi Parteien, déi ënner där aktueller Google-Praxis een Nodeel hunn.

Déi zoustänneg EU-Kommissärin hält sech zeréck

Et fält op, datt d’Kommissioun och dës Kéier net, wéi dat fréier de Fall war, déi Strof an enger Pressekonferenz annoncéiert.

D’Kommissioun wier héich engagéiert op dësem Dossier, esou een EU-Offiziellen de Mëtteg.

An der Vergaangenheet war vu verschiddene Säite Kritik opkomm, datt d’Kommissioun déi Fäll wéinst der ugespaanter Atmosphär mat den USA net un déi grouss Klack hänke wollt.

Keen Eenzelfall

Et ass net déi éischt héich Strof géint e groussen Tech-Konzern. Zejoert hat d’Kommissioun och eng Strof vu 500 Milliounen Euro géint Apple verhänkt. Uganks Juni hat d’Geriicht zu Lëtzebuerg, eng Strof vu 4,1 Milliard Euro géint Apple aus dem Joer 2018 confirméiert.

Google huet elo 60 Deeg Zäit fir Ännerungen ëmzesetzen. Google huet och d’Recht d’Strof virum Europäesche Geriichtshaff unzefechten.

play_arrow Lauschteren