Den ungaresche Premier Viktor Orbán wëllt den 12. Abrëll erëmgewielt ginn. Ob dat geschitt, ass awer net esou sécher, well dës Kéier gesinn d’Sondagen net allze gutt fir hien aus. Et kéint also fir d’éischte Kéier zënter 16 Joer zu engem Wiessel kommen.
De Viktor Orbán hätt säi volle Support, esou de Weekend den US-President Donald Trump an engem Videomessage.
Ungareschen Ausseminister mécht "Live-Rapporten" op Moskau
Och Russland steet hanner dem ungaresche Leader an hofft, datt de russland-frëndleche Premier um Rudder bleift.
Anscheinend profitéiert d’Land och direkt dovun: Der US-amerikanescher Zeitung Washington Post no soll och den ungareschen Ausseminister eent zu eent Informatiounen aus EU-Sitzungen u säi russeschen Homolog viru ginn hunn.
Den ungareschen Ausseminister Peter Szijjarto hätt reegelméisseg an de Pause vun den EU-Sitzunge säi russeschen Homolog Sergei Lavrov "Live-Rapporte" gemaach, iwwer dat, wat diskutéiert gouf, esou d’Washington Post, déi sech op Aussoe vun EU-Offizielle berifft.
EU-Kommissioun: "Alarmant Berichter"
Déi Berichter wiere "ganz alarmant", esou e Méindeg d’Reaktioun vun der Spriecherin vum aussepoliteschen Déngscht an der EU-Kommissioun, d'Anitta Hipper.
Eng vertrauensvoll Relatioun tëschent de Memberstaaten an den Institutioune wier fundamental fir d’Aarbecht vun der EU.
"Mir erwaarden eis Erklärunge vun der ungarescher Regierung."
Eng Deadline fir eng Äntwert huet d’Kommissioun iwwerdeems net genannt.
Ungareschen Ausseminister: "Dat si fake news"
Vertrieder vun der ungarescher Regierung hunn iwwerdeems - dat ass wéineg iwwerraschend - d’Reprochen direkt als net fundéiert zeréckgewisen.
Et wier näischt anescht ewéi "fake news" sou schonn e Sonndeg de Peter Sijjarto selwer um Soziale Reseau “X”.
Fake news as always. You are telling lies in order to support Tisza Party to have a pro-war puppet government in Hungary. You will not have it! https://t.co/pNb1dLUSmM
— Péter Szijjártó (@FM_Szijjarto) March 22, 2026
Et ass also d’Fro, wéi vill Opklärungsaarbecht ee sech vun där Regierung erwaarde kann.
Net iwwerrascht huet iwwerdeems de polnesche Premier Donald Tusk reagéiert.
The news that Orbán’s people inform Moscow about EU Council meetings in every detail shouldn’t come as a surprise to anyone. We’ve had our suspicions about that for a long time. That’s one reason why I take the floor only when strictly necessary and say just as much as necessary.
— Donald Tusk (@donaldtusk) March 22, 2026
Dat ungarescht Behuele wier eng Ursaach dofir, datt hien op EU-Sommeten d’Wuert just dann ergräift, wann et onbedéngt néideg ass, an hie géing do och just dat allernéidegst soen.
Xavier Bettel: "Déiwe Vertrauensbroch", wann et sech confirméiert
De Lëtzebuerger Ausseminister schwätzt op eis Nofro hi vun engem déiwe Vertrauensbroch, sollt sech d’Informatioun confirméieren. Dat "an enger europäescher Famill, wou een sech zu 27 Memberlänner géing fir d’Wäerter an d’Wuel vun de Bierger engagéieren", esou de Xavier Bettel an enger schrëftlech Stellungnam.
D’Froen, ob elo zu Bréissel déi intern Reegele geännert ginn, si bis elo op bliwwen.
"Fir d’éischt brauche mir méi Kloerheet", esou eng scho bal genervte Kommissiounsspriecherin op déi widderhuelt Nofroe vun der Press zu Bréissel.
An där strukturéierter Form iwwerraschend
Dem Magazine Politico no géing sech elo schonn déi relevant Europäesch Diplomatie a verschiddene méi klenge Formater ofspillen, well bestëmmten EU-Länner manner wéi loyal wieren.
Esou Formater hätt et schonn ëmmer ginn, seet dozou eng EU-Source.
D’Informatiounen aus der Washington Post wieren éischter eng Confirmatioun vun eppes, wat ee schonn am Verdacht hat. Nei wier allerdéngs, datt deen Echange esou strukturéiert geschitt ass, esou déi nämmlecht Source.
Vu Säite vum Conseilspresident António Costa, dee jo d’Reunioune vun de Staats- a Regierungscheffe leet, wollt een à ce stade op eis Nofro net reagéieren.