Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Zousaztaxenop chineesesch E-Autoe vun e Mëttwoch un a Kraaft

Europäesch Unioun

EU-Zousaztaxenop chineesesch E-Autoe vun e Mëttwoch un a Kraaft

D‘EU-Zousaztaxen op elektresch Autoen aus China triede vun e Mëttwoch un endgülteg a Kraaft. D‘EU-Kommissioun hätt déi néideg Veruerdnung decidéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SVEN SIMON | Frank Hoermann / SVEN SIMON
Foto: picture alliance / SVEN SIMON | Frank Hoermann / SVEN SIMON

Uganks dës Mounts haten eng Majoritéit vun de Memberstaate scho fir d‘Zousaztaxe gestëmmt. Déi wieren néideg fir d‘Zukunft vun der Autosindustrie an der EU laangfristeg ofzesécheren, esou d‘EU-Kommissioun.

Eng Enquête wier nämlech zur Conclusioun komm, datt chineesesch E-Autosproduzente vun onfaire staatleche Subventioune profitéiere géifen. Si kéinten hir Autoen normalerweis ronn 20 Prozent méi bëlleg um europäesche Marché ubidde wéi an der EU produzéiert Modeller.

Virgesi wiere Stroftaxe vu maximal ronn 35 Prozent. Peking geheit Bréissel Protektionismus vir.