Radioen

On air

Vue sur mer  |  Grace Jones - My Jamaican Guy - Grace Jones

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Staate verhänken nei Sanktioune géint Russland

Ukrainkrich

EU-Staate verhänken nei Sanktioune géint Russland

D‘EU-Staate wëlle fir den zweete Joresdag vum Ukrainkrich nei Sanktioune géint Russland verhänken. Dorop hu sech d‘Vertrieder vun de 27 Memberlänner de Moien zu Bréissel gëeenegt.

auto_stories

2 min

Europäesch Fändele virun der Kommissioun | © picture alliance/dpa | Thomas Banneyer
Europäesch Fändele virun der Kommissioun (Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer)

D‘Lëscht mat de Persounen an Institutiounen, deen hiert Verméigen an der EU agefruer ass, soll erweidert ginn. An et sollen och weider Entreprise sanktionéiert ginn, déi Russland militäresch oder technesch ënnerstëtzen. Déi dierften dann aus der EU keng militäresch Gidder an Technologie méi verkaaft kréien.

Dëst ass den 13. Sanktiounspak géint Russland. E muss nach formell ënnerschriwwe ginn a géif da fir den zweete Joresdag vum russeschen Agressiounskrich an der Ukrain, e Samschdeg, a Kraaft trieden.

Gëschter um Dënschdeg hunn d‘USA, nom Doud vum russeschen Oppositiounspolitiker Alexei Nawalny, nei Sanktioune géint Russland decidéiert. Et géif sech ëm e grousse Sanktiounspak handelen, deen d‘US Regierung iwwermuer géif virstellen, sot de Chef vum nationale Sécherheetsrot, John Kirby zu Washington. Weider Detailer huet hien nach net ginn.

Och Groussbritannien an USA decidéieren nei Sanktiounen

Groussbritannien huet Sanktiounen géint sechs Beamten vun der Strofkolonie an der russecher Arktis, wou den Alexei Navalny gestuerwen ass. D‘Land fuerdert, datt déi stierflech Iwwerrechter direkt missten un d‘Famill iwwergi ginn a fir datt eng transparent Ënnersichung ka gemaach ginn. Den Direkter vun der Kolonie Nummer 3 an Nummer 5 an hir Stellvertrieder dierfen net méi a Groussbritannien areesen an d‘Verméigen op britteschem Buedem gëtt agefruer, esou de britteschen Ausseministère. Déi Responsabel fir déi brutal Behandlung vum Nawalny sollte sech keng Ilusioune maachen, mir wäerten zur Verantwortung zéien, sot de brittesche Chefdiplomat David Cameron.

An der Suite vum Doud vum russeschen Oppositiounspolitiker Alexej Nawalny hunn och d'USA nei Sanktioune géint Russland decidéiert. Et géif sech ëm e grousse Sanktiounspak handelen, deen d‘US Regierung iwwermuer géif virstellen, sot de Chef vum Nationale Sécherheetsrot, John Kirby zu Washington. Weider Detailer huet hien nach net ginn.