No knapps enger Stonn Diskussioun ënnert den zoustännegen EU-Ministeren huet sech ee ganz zefriddenen spueneschen Ausseminister virun d’Press gestallt.
“Mir sinn ee wichtege Schratt virukomm um Wee vun der spuenescher Regierung, fir d’Reglement iwwer d’Sproochen an der EU ze änneren.”
De José Manuel Albares hat virdrun an där Ronn probéiert seng Homologen dovun ze iwwerzeegen, datt souwuel Galizesch, Baskesch a Katalanesch als offiziell EU-Sproochen unerkannt ginn. Spuenien hätt des Demande an de leschten 20 Joren ëmmer nees opbruecht. Elo wier se fir d’éischte Kéier offiziell zeréckbehale ginn.
Kee Veto vun engem aneren EU-Land
“Kee Land huet säi Veto ageluecht”, sou de Minister. Dat wier effektiv duergaangen, fir datt d’Demande vum Dësch ass. Zu engem Vott koum et net. Amplaz dovun hunn déi 27 decidéiert, datt sech een Aarbechtsgrupp méi genee mat där Ufro befaasse soll.
U sech gouf d’Ufro vun deene meeschte Ministeren éischter positiv opgeholl. Hie wier ee Frënd vun de spuenesche Sproochen a vun der katalanescher Kultur, sot esou guer op Katalanesch de finnesche Minister fir Europäesch Affairen Anders Adlercreutz. Et wier awer ze fréi, elo eng Decisioun an där Affär ze huelen.
“Mir hunn nach eng Rei juristesch a legal Froen”, sot och déi schwedesch Europa-Ministerin, Jessika Roswall. Et géif an der EU méi Minoritéite-Sproochen an et bräicht ee méi Informatiounen iwwer d’Konsequenze vun esou engem Schrëtt. Och Lëtzebuerg huet zu deene Länner gehéiert, déi nach Froen haten.
Keen Delai fir eng Decisioun festgeluecht
Multilingualismus ass ee vun den Ziler a Wäerter vun der Europäescher Unioun, dorun huet de José Manuel Albares erënnert. Et géif sech hei och net ëm Minoritéite-Sproochen handelen. Déi dräi Sproochen hätten am Ënnerscheed zu aneren net-offizielle Sproochen, déi uechtert d’EU geschwat ginn, ee konstitutionelle Charakter.
“Katalanesch gëtt vu ronn zéng Millioune Leit geschwat. Domat gehéiert zu de 15 éischte Sproochen an der Unioun, wat d’Zuel vun de Leit ugeet, déi se schwätzen.”
Wéi vill d’Decisioun vun haut dem spuenesche Premier Pedro Sanchez hëllefe wäert, a sengem Amt ze bleiwen, ass iwwerdeems net kloer. Hien ass doheem op d’Ënnerstëtzung vu klénge separatistesche Parteien ugewisen.
D’Demande, déi dräi Sproochen an der EU offiziell unzëerkennen, war am August kuerzfristeg gestallt ginn. De Faite, datt Spuenien d’Presidence vun der EU huet an domat decidéiert, wat op den Ordre du Jour kënnt, hat do gehollef.
Een Delai, bis wéini eng Decisioun iwwer déi spuenesch Demande geholl gëtt, gouf op der Reunioun zu Bréissel net festgehalen. Et wielt een esou séier ewéi méiglech virukommen, sou de spuenesche Minister. Et wier een och prett, an enger éischter Phase Katalanesch d’Prioritéit ze ginn.
Keng Demande fir d’Unerkenne vum Lëtzebuergesche geplangt
D’Lëtzebuerger Regierung schéngt bis op Weideres net Wëlles ze hunn, eng änlech Ufro anzereechen.
Déi spuenesch Demande géif näischt un den Objektiver vun der Regierung änneren, d’Plaz vun der Lëtzebuerger Sproochen um Niveau vun der EU ze verstäerken, sou den Ausseministère op eis Nofro.
De Ministère verweist op de Koalitiouns-Accord, wou festgehalen ass, datt déi Europäesch Traitéen op Lëtzebuergesch iwwersat solle ginn. Déi Aarbecht ass am gaange gemaach ze ginn.