Um Ordre du jour vun der Reunioun vun den Ausseministeren aus de 27 EU-Länner sti weider Sanktioune géint Russland. De Conseil vun den Ausseministeren de Méindeg zu Lëtzebuerg wäert eng wieder 70 Persounen an Entitéiten op d’Lëscht vun de Sanktioune setzen. Déi meescht dovu waren un den Attacke géint d’Ukrain bedeelegt, anerer un der Vergëftung vum Oppositiounspolitiker Alexei Navalny an nach aner hybrid Menacen.
Erwaart gëtt sech och eng Diskussioun iwwer Sanktioune géint eenzel israeelesch Ministeren a Mesurë géint Produiten, déi aus israeelesche Siidlungen am Westjordanland stamen.
Accord iwwer Sanktioune géint israeelesch Ministeren onwarscheinlech
Eens ass ee sech weiderhin net, wat eventuell Sanktioune géint Membere vun der israeelescher Regierung ugeet. Dat geet aus den Aussoe vu verschiddenen Diplomaten am Virfeld vun der Reunioun ervir.
D’Kritik um Behuele vum Minister fir National Sécherheet Itamar Ben-Gvir, géintiwwer Aktiviste vun der Gaza-Flotilla huet nei Beweegung an d’Diskussioun bruecht.
Och Sanktioune géint de reliéis-fundamentalistesche Finanzminister Bezalel Smotrich sinn am Gespréich. A béide Fäll misst d’Decisioun eestëmmeg geholl ginn. Dat wäert awer zimmlech sécher och haut net de Fall sinn. Op d'mannst Tschechie schéngt ëmmer nach dogéint ze sinn.
Weider Diskussioun ënner de Staats- a Regierungscheffen?
Méiglecherweis wäerten doriwwer d’Staats- a Regierungscheffen op hirem Sommet Enn der Woch diskutéieren. An engem Brouillon vun de Conclusioune vun deem Sommet ginn d’Ausseministeren opgeruff, restriktiv Mesuren op de Wee ze bréngen, géint extremistesch Ministeren, déi Mënscherechtsverstéiss incitéieren a promovéieren.
Et gëtt dann och erwaart, datt eng Partie Länner op en Neits froen, datt d’EU soll Mesurë proposéieren am Zesummenhank mat Produiten aus den israeelesche Siidlungen.
Och den Ausseminister Xavier Bettel hat sech an der Lescht dofir ausgeschwat. Trotz deenen Demanden huet d’Europäesch Kommissioun bis elo keng Propos an deem Sënn gemaach.
Produiten aus Siidlungen: Wéi eng legal Basis fir Decisioun?
Dem juristeschen Déngscht vum Conseil no géif an deem Fall eng qualifizéiert Majoritéit duergoe fir den Import ze verbidden. Dat wier an de Reegele vun der europäescher Handelspolitik esou festgeluecht.
D’Kommissioun ass bis elo der Meenung, datt et awer ënner d’Aussepolitik fält an deemno just per Unanimitéit decidéiert gi kann. Et misst een elo doriwwer diskutéieren, op wéi enger legaler Basis d’Decisioun soll geholl ginn, dat sot e Freideg een héijen EU-Diplomat. Verschiddenen Diplomaten no ass do haut net mat engem Accord ze rechnen.