Radioen

On air

Tockcity  |  Hieroglyphic Being - I'm in a Strange Loop

play_arrow Live
search

/ EU: Recycling vu kritesche Rohstoffer soll gefuerdert ginn

Kobalt, Néckel, Aluminium

EU: Recycling vu kritesche Rohstoffer soll gefuerdert ginn

Europa wëll méi onofhängeg gi vu kritesche Rohstoffer wéi Lithium. Vetrieder vun de Memberstaaten a vum Europaparlament si sech gëschter iwwer en Text eens ginn, mat dem d‘Verschaffen an de Recycling vun dëse Materialien an der der EU gefuerdert gëtt.

auto_stories

1 min

An der Haaptsaach handelt et sech ëm finanziell Ureizer fir privat Investisseuren a vereinfacht administrativ Prozeduren. 17 strategesch Rohstoffer wéi Kobalt, Nickel an Aluminium, musse bis 2030 op d'mannst zu 10 Prozent an der EU ofgebaut ginn. D‘Initiative gëtt och als Warnschoss an Direktioun China ugesinn.