Radioen

On air

Notturno  |  Marcus Marr - Familiar Five

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun proposéiert definitiv Stroftaxen op chineesesch E-Autoen

EXPORT

EU-Kommissioun proposéiert definitiv Stroftaxen op chineesesch E-Autoen

Zënter Uganks Juli ware scho virleefeg Stroftaxen a Kraaft. Déi mussen der Kommissioun no elo net retroaktiv bezuelt ginn, well legal Problemer bestinn. Déi definitiv Taxë musse vun den EU-Memberlänner guttgeheescht ginn.

auto_stories

2 min

BYD | © picture alliance / CFOTO | CFOTO
Foto: picture alliance / CFOTO | CFOTO

D’Europäesch Kommissioun leet eng Propose, fir definitiv Stroftaxen op chineesesch E-Autoen op den Dësch. D’Decisioun stäipt sech op eng Analys, déi seet, datt d’Produktioun vun Elektroautoen a China staark subventionéiert ass.

Importer aus China géifen eng Gefor fir d’Industrie an Europa duerstellen, seet d’Enquête vun der Europäescher Kommissioun. Gi keng Mesurë geholl, wäert déi Branche dowéinst mat materiellem Schued rechne mussen, sou EU Experten.

Stroftaxe bis zu 36 Prozent

Déi virleefeg Stroftaxen, déi Uganks Juli proposéiert gi waren, goufen elo liicht no ënnen adaptéiert. Chineesesch Entreprisen, déi bis elo bei den Investigatioune vun der EU kooperéiert hunn, missten deemno mat Taxe ronderëm 20 Prozent rechnen, bei deenen anere léichen déi Tauxe bei iwwer 36 Prozent. Entreprisen, déi spezifesch joint ventures mat Europäesche Produzenten aginn, kënnen deemno wéi och vu méi nidderegen Tauxe profitéieren.

Fir den amerikaneschen Hiersteller Tesla proposéiert Bréissel eng Douanes-Taxe vu 9 Prozent op Autoen, déi Tesla aus China an d’EU exportéiert.

Keng retroaktiv Collecte vun den Taxen

D’Kommissioun hat Uganks Juli ee Reglement mat provisoreschen Taxen a Kraaft gesat. Déi Suen hunn awer just missen hannerluecht ginn, a mussen elo net vun de betraffenen Entreprisë bezuelt ginn, well do legal Problemer bestinn, sou d‘EU-Kommissioun.

Déi verschidde Säiten hunn elo zéng Deeg fir ze reagéieren. Dono wäert d’Kommission de Memberlänner eng definitiv Propos maachen - wouriwwer déi 27 dann ofstëmme mussen.

Onkloer, wéi EU-Länner reagéieren

Fir datt d’Mesuren a Kraaft triede muss eng qualifizéiert Majoritéit Jo soen - dat heescht op d‘mannst 15 Länner, déi op mannst 65 Prozent vun de ronn 450 Millioune Leit, déi an der EU liewe representéieren.

Géifen d’Mesurë guttgeheescht, kéinte si vun November u fir 5 Joer a Kraaft trieden.

Et gouf allerdéngs eng Partie EU-Memberlänner, virop Däitschland, déi Bedenke wéinst deene Stroftaxen op E-Autoen aus China ugemellt haten. Och Ungarn, wat den Ament d’Presidence vun der EU huet, ass dogéint.

China hat géint d’Aféiere vun den Taxe protestéiert an d’Affär virun déi zoustänneg Kontrollplaz bei der Welthandelsorganisatioun bruecht.

Aktualitéit
Europa
Wirtschaft