Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Kommissioun lancéiert Enquête géint Online-Plattformen

Digital EU-Gesetz

EU-Kommissioun lancéiert Enquête géint Online-Plattformen

D’Europäesch Kommissioun geet géint Apple, Alphabet an de Facebook-Konzern Meta vir. Déi dräi Entreprisë stinn am Verdacht, géint nei EU-Reegelen iwwer den Dateschutz vun hire User verstouss ze hunn.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Smartphone Meta Apple Google Instagram Alphabet | © picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa

D’Enquête vun der Kommissioun fält ënner dat neit Gesetz, dem sougenannten Digital Markets Act, deen am EU-Jargon kuerz DMA heescht. Déi nei Reegele sollen ënner anerem d’Dominanz vu groussen digitalen Entreprisë limitéieren an d’Konsumente virdru schützen, eesäiteg op hausintern Offeren dirigéiert ze ginn.

Apple an Alphabet: Verschidden Ziler vum DMA sinn net garantéiert

D’Kommissioun huet Apple an och de Mammekonzern vu Google, Alphabet am Verdacht, datt si de User virun allem Publicitéite vun hiren eegenen Online-Offeren affichéieren, an datt déi net genuch Méiglechkeeten hunn, selwer d’Astellungen ze änneren, zum Beispill fir aner Browseren ze notzen.

“Et schéngt, wéi wann Apple déi Obligatioun net respektéiert”, seet d’Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun Margreth Vestager.

Ënner deem neie Gesetz missten déi grouss Plattformen et de Geschäftsleit erlaben, ouni misse Chargen ze bezuelen, mat Konsumenten ze kommunizéieren an och Kontrakter ofzeschléissen.

Zil wier eng Kompetitioun vun alternative Verkafskanäl. Dat wier hei net garantéiert, esou d’Kommissioun. Appen, déi een net brauch, sollen ouni groussen Opwand kënne geläscht ginn. Och dat wier net de Fall.

Meta: User musse bezuele fir keng Publicitéit ze kréien

Bei Facebook an Instagram bezitt sech d’Kritik dorop, datt viru Kuerzem hir User forcéiert goufen, dofir ze bezuele fir d’Servicer ouni Publicitéit kënnen ze notzen. Wien net bezilt, gëtt bekanntlech automatesch säin Accord, datt d’Plattform Meta seng Donnéeë fir geziilt Reklammen notzt.

Dem neie Gesetz no misst deen Accord awer fräiwëlleg geschéien, esou den EU-Kommissär fir dat Digitaalt, den Thierry Breton. D’Kommissioun hätt awer seriö Zweifelen dorun, datt dat de Fall ass.

“Mat deenen neie Reegele wëlle mir de User d’Muecht ginn, doriwwer wéi hir Donnéeë genotzt ginn, an datt d’Biergerrechter am Zentrum vun den Operatioune stinn.”

"Dat kann net waarden"

Dat neit EU-Gesetz ass zanter ufanks Mäerz a Kraaft. D’Kritik, datt d’Kommissioun ze fréi reagéiert, weist de Fransous zeréck.

"On pense que ça ne peut pas attendre. Y compris dans des contextes que nous connaissons. Dans des contextes de guerre, dans des contextes d'élections, aussi, dans des contextes de désinformations. Donc non, on ne partage pas du tout l'avis."

Dem neie Gesetz no mussen d'Entreprisen, déi sech net un déi nei Reegelen halen, mat Geldstrofe vu bis zu zéng Prozent vun hirem globalen Ëmsaz rechnen.

Apple selwer huet matgedeelt, et géif ee sech un déi nei Reegelen halen, an et géif ee konstruktiv mat der Kommissioun zesummeschaffen.

De Bureau vum europäesche Konsumenteschutz huet positiv op d’Annonce vun der Kommissioun reagéiert. Et wier een Zeechen dofir, datt d’Kommissioun et eescht mengt, an d’Gesetz wierklech ëmsetze wëllt.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.