De Josy Lorent war am Presserot aktiv, wou en ofwiesselnd emol President oder emol Generalsekretär war. Zanter enger Zäitchen ass hien an der Pensioun. Dat heescht awer net datt en net nach weider aktiv ass.
Vun der Gemeng eriwwer bei de Journalismus
Dem Josy Lorent seng berufflech Karriär huet a senger Heemechtsgemeng Conter ugefaangen, wou hien zweete Sekretär war. Hien huet ugefaangen Artikel iwwert seng Gemeng fir an d’Zeitungen ze schreiwen. Hien huet nämlech ëmmer gäre geschriwwen, schonn an der Schoul.
"Ech war ganz staark an den Aufsätz, do sinn et Aufsätz wou ech keng Nott kritt hunn, do stoung einfach “Hors Concours” driwwer."
Aus den Artikele gouf méi, an de Josy Lorent huet eng Zäit 13 verschidde Gemengeréit fir d’Wort suivéiert a couvréiert.
"An du bemol, dunn huet d’Wort mech gefrot. 'Mir hätten iech gär, wann der bei eis an d’Redaktioun kéimt'. An do hunn ech gesot: Nee, ech sinn zefridden op der Gemeng."
Besser et gëtt ee gefrot, wéi et freet een
Et sinn e puer Méint eriwwer gaangen an do koum op en neits d’Demande vum Lëtzebuerger Wort, fir datt de Josy Lorent bei Wort géif schaffe kommen.
"An do huet et Klick bei mr gemaach. Do hunn ech mer geduecht, et ass awer eppes anescht wann s de gefrot gëss, wéi wann s de froe gees fir anzwousch hin ze kommen. An do hunn ech Jo gesot. An do ass et dann ugaangen, de 15 Abrëll 1973 hunn ech beim Wort ugefaangen."
De wäissen Damp zu Roum mat erlieft
De Josy Lorent war schonn eng Zäitchen an der Pensioun, wou en awer, fir et einfach esou ze soen, reaktivéiert gouf. An zwar goung et dorëms fir op Roum ze fueren, fir de Konklaven also de Poopstwiel vum Poopst Franziskus.
"Ech war erstaunt, an dat war ëmmer eppes sacro-sanctus am Wort dee Konklav a bannent enger Hallwer Stonn hat ech Jo gesot. An do war ech och do fir dat ze couvréieren. A well déi Wiel ganz séier gefall war, ech mengen zwee, dräi Deeg do ass de wäissen Damp opgaangen. Do hu se aus dem Wort ugeruff, da bleif elo och nach do, an da méchs de och d’Poopstkréinung."
D’Atrocitéite vum zweete Krich dierfen net vergiess ginn
Dem Josy Lorent ass et e grousst Uleies datt dat wat de Mënschen an och de Lëtzebuerg am zweete Weltkrich geschitt ass, nimools soll an dierf vergiess ginn. Dohier och seng Aktivitéiten a säin Engagement an der Fédération des Enrolés de Force an am Comité pour la Memoire de la Deuxième Guerre Mondiale. Dem Josy Lorent säi Papp ass am Abrëll 1920 gebuer ginn a war ee vun den éischten deen an d’Wehrmacht agezu ginn ass.
"En ass erëm komm, e war verletzt an do ass hei ënner gedaucht, do war en an der Stad op fënnef Plaze verstoppt. Mä en huet ni vill geschwat, fir net ze soen, bal iwwerhaapt net. Mä déi Saach huet mech ëmmer erëm opgewullt, wann ech un déi Zwangsrekrutéierung denken."
Et ass wichteg datt déi Jonk vun haut, ewell déi véiert Generatioun informéiert an opgekläert ginn, mä genee déi Jonk vun haut sinn nees, wéi hie seet, vill méi oppe fir doriwwer ze schwätzen.
E Frënd vun der Militärmusek
De Josy Lorent ass och President a Co-Fondateur vun der ASBL “Frënn vun der Militärmusek”. Eng ASBL déi an enger Zäit gegrënnt gouf d’Militärmusek am Fong a Fro gestallt ginn.
“A firwat ass se a Fro gestallt ginn? Well RTL e Symphonieorchester hat, aus deem ass jo den OPL ginn an do ass d’Iddi opkomm an Diskussiounen och an der Chamber: Brauche mer dann nach eng Militärmusek?”
Et gouf deemools gemengt den OPL kéint déi offiziell Rendez-vousen iwwerhuelen. Mee d’Militärmusek war e Bestanddeel vu Lëtzebuerg a se hat deemools schonn 140 Joer.
"An dunn hu sech Leit zesummegedoen, dat ass iwwer verschidde Parteie gelaf, an do si leit eraus gesicht ginn an do war ech och dobäi. Ech war laang am Verwaltungsrot an du op emol, virun 13 Joer, do sinn ech dann du President ginn."