arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Energiekommissär recommandéiert Memberstaaten d'Steieren op Energie ze reduzéieren

EU

|
reading time

1 min

EU-Energiekommissär recommandéiert Memberstaaten d'Steieren op Energie ze reduzéieren

Virun allem d'Steieren op de Stroum sollte reduzéiert ginn, fir d'Pëtrolspräishausse ze kompenséieren. Esou eng Steierbaisse hätt "enormt Potenzial", esou den Dan Jorgensen.

reading time

1 min

Konsumente kéinten esou méiglecherweis ronn 200 Euro am Duerchschnëtt pro Joer spueren.

Et misst eng temporär a cibléiert Mesüre sinn. Et wier net d‘Iddi, fir d‘Struktur, wéi d‘Präisser an der EU festgeluecht ginn, oder d‘Besteierung vun CO2 fundamental ze änneren. Eng Parti Memberstaaten, wéi Italien, grad ewéi Deeler vun der Industrie, setze sech dofir an.