Si probéieren e Kompromëss ze fannen iwwer der Kommissioun hir Propose. D‘Zil vun der Reform ass, héich Stroumpräisser fir Konsumenten ze evitéieren an déi erneierbar Energien auszebauen.
Och d‘EU Finanzministere sinn de Moien um Kierchbierg zesummen. Do geet et ëm de Stabilitéits- a Wuesstemspakt an déi geplangte Reform vun de Reegelen déi virschreiwen, wéi héich den EU-Länner hir Scholde Budgetsdefiziter däerfe sinn.