D‘EU Staats- a Regierungscheffe goufe sech am Dezember eens, fir der Ukrain e weidere Prêt vun 90 Milliarden Euro ze accordéieren. Leschte Freideg awer hat Ungarn iwwerraschend annoncéiert, d‘Ausbezuele vun de Suen ze blockéieren.
Dat well d‘Ukrain russesch Pëtrolsliwwerungen iwwer eng Pipeline, déi duerch d‘Ukrain geet, géif blockéieren. D‘Ukrain seet, d‘Pipeline wier duerch russesche Bombardementer beschiedegt ginn a wier dowéinst zanter Enn Januar net méi a Betrib.
Weider Attacke mat Douesaffer
Och mellt d‘Ukrain op en Neits Doudeger. Op d‘mannst dräi Mënsche wiere bei de russesche Loftattacken zu Odessa a Saporischschja ëm d‘Liewe komm. Och d‘Stad Kharkiw wier nees mat russesche Rakéite beschoss ginn.