Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Tocotronic - Denn sie wissen was sie tun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Agrarpolitik: Nei Diskussiounsronn soll “depolariséieren”

EU-Ausbléck

EU-Agrarpolitik: Nei Diskussiounsronn soll “depolariséieren”

De Christophe Hansen, neien EU-Agrar-Kommissär, wëll schonn am Februar ee Plang mat Visioune fir d’Zukunft vun der EU-Agrarpolitik op den Dësch leeën. Eng Fro, déi sech ënner anerem stellt, ass déi, wéi d’Suen, déi an de Secteur gestach ginn, solle verdeelt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Ruud Morijn/Adobe Stock play_arrow
Foto: Ruud Morijn/Adobe Stock

Virop wëll de Christophe Hansen een Europäesche Conseil fir d’Landwirtschaft an d’Liewe ruffen. Hei wéilt ee probéieren, all d’Acteuren un een Dësch ze kréien, sou de neien EU-Agrar-Kommissär Mëtt Dezember um Bord vun enger Reunioun ënnert den EU-Agrarministeren am 100,7-Interview.

Am Februar 2025: Christophe Hansen stellt Visioun fir d’Landwirtschaft vir

Et géing och drëms goen, ze depolariséieren, sou den CSV-Politiker.  

"Ech mengen, dat ass ee ganz wichtege Punkt. Dat ass vill ze oft an de leschte Jore geschitt, datt déi eng géint déi aner argumentéiert hunn. Dat bréngt de Secteur awer net weider. De Secteur muss méi kompetitiv ginn. De Secteur muss awer och méi nohalteg ginn. An dat kann een nëmme maachen, wann een zesummen no Léisunge sicht."

Am Fong war schonn zesummen no Léisunge gesicht ginn. An engem strategeschen Dialog haten zejoert méintelaang déi verschiddenst Acteuren op Invitatioun vun der Europäescher Kommissioun ee Pabeier ausgeschafft, an deem si sech iwwert gemeinsam Pisten eens gi waren

Do souze souwuel grouss Landwirtschafts-Lobbien um Dësch, wéi Déiereschutzorganisatiounen, erkläert d'Tilly Metz vun déi gréng.

"Dat heescht, dat ass schonn ee ganz wäertvollen Text an eng wäertvoll Basis, fir weider zesumme mat de Leit ze kucken, fir méi eng Landwirtschaft ze hunn, déi och eis natierlech Ressourcen respektéiert."

Strategeschen Dialog als Basis fir Proposen

Déi nei Ronn soll sech un deem Text orientéieren, versprécht den Agrar-Kommissär. De Prozess wier awer elo een aneren.

"Dee Rapport huet iwwer 100 Säite gehat, war awer och ganz global, also huet vill Aspekter beliicht. Deen heite wäert elo méi mat wierklech ganz konkrete Propositiounen sech kënne befaassen, an och ganz konkret Léisungen do ausschaffen."

Méi Sue fir d’Landwirtschaft am pluriannuellen EU-Budget vun 2027 un ass eng vun de Revendicatioune vum Daachverband vun de Bauerenorganisatiounen Copa-Cogena.

Méi Sue fir Agrarbudget: Onrealistesch Fuerderung, sou de Charles Goerens

Dat wier zwar wënschenswäert, awer onrealistesch, seet dozou den DP-Europadeputéierte Charles Goerens. Déi 27 EU-Memberstaaten si senger Meenung kaum prett, méi Suen an d’Agrarpolitik ze stiechen.

Spannend wäert och d’Suite am Dossier vum Mercosur-Handelsaccord tëscht der EU a véier latäinamerikanesche Länner ginn. Deen Accord gesi verschidde Bauereverbänn ganz kritesch.

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.