Fir 2026 géif de Sondage no kee vun de Kandidaten déi absolut Majoritéit kënnen erreechen. A wéi an aneren EU-Memberlänner klëmmt d’Zoustëmmung fir déi Rietsextreem.
5 Kandidaten zielen zu de Favoritten
De Kandidat vun der Partei CHEGA, déi 2019 vum André Ventura an d’Liewe geruff gouf, hätt de Sondage no am éischten Tuer déi meeschte Stëmmen. Hie kéim op 21 Prozent.
Déi véier aner Kandidaten, déi de Sondagen no a Fro kéime fir an de Ballotage ze kommen, wieren de Sozialist Antonio José Seguro an de Luis Marques Mendes, dee vun der Regierung ënnerstëtzt gëtt, deen de Sondage no awer un Terrain verluer huet.
Och den Henrique Gouveia e melo, fréieren Admirol, dee populär ginn ass wéi hien d’Impfcampagne géint de Covid geleet huet, gëllt als Favorit. Grad ewéi de Liberale Joao Cotrim Figueiredo, deen de Sondage no och d'Méiglechkeet hätt, an den zweeten Tour ze kommen.
Kontrovers a ganz no bei de Leit
De Kandidat André Ventura wier mat sengem Discours ganz no bei de Leit, et wier ee populisteschen Discours, esou d'Manuela Perreira, d'Chefredactrice vun de portugiseschsproochege Medie Contacto a Radio Latina am 100,7-Interview.
Iwwerrascht iwwer säi Succès wier si awer net. Hie géif vill Polemik a Kontroversen ausléisen.
"E gouf dës Kéier vun engem Geriicht opgefuerdert, d'Plakater ewechzehuelen, déi hien a ganz Portugal opgehaangen hat, mat Sätz, déi als rassistesch ugesi ginn."
Wéi gesinn d'Portugisen zu Lëtzebuerg dat?
Et géifen zwar keng Ëmfroen zu Lëtzebuerg duerchgeféiert ginn, trotzdeem wéist een, datt bei de leschte Presidentschaftswalen a Portugal hei am Land déi rietsextreem Chega am meeschte gewielt gouf. Eng Partei, déi Anti-Immigratiounsmoossnamen ënnerstëtzt, esou d'Manuela Perreira.
De Ventura géif sech dacks un d'Portugisen am Ausland adresséieren.
"Hie versprécht all d'Problemer vum Land ze léisen. An et fält him liicht, d'Leit dovunner ze iwwerzeegen. An dat nennt ee Populismus."
Dobäi wier hien - anescht wéi seng zwee Kontrahenten - ni am Ausland gewiescht fir do Walkampf ze maachen. Dat wier awer guer net néideg, well hie wier ganz present op de Soziale Medien.
Fakenews als Haaptwaff
De Ventura géif iwwerdeems vill falsch Noriichten am Ëmlaf bréngen.
"De Ventura ass de Kinnek vun der Desinformatioun."
Laut Fuerscher wier de Ventura fir 86 Prozent vun den am Ganze 7 Millioune gesécherte falschen Noriichten - also de Fakenews - verantwortlech.
Wéi grouss ass d'Warscheinlechkeet, datt de Ventura President gëtt?
Net esou héich, seet d'Manuela Perreira. Sondagë géife weisen, datt hien am éischten Tour zwar d'Nues vir huet, mee am zweeten Tour géifen d'Ëmfroen awer viraussoen, datt hie verléiere wäert.
Lauschtert dee ganzen Interview mat der Chefredaktesch vu Contacto, der Manuela Perreira