Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Recht op Ofdreiwung an der Verfassung 

Méi wéi just Symbolpolitik

E Recht op Ofdreiwung an der Verfassung 

Als Äntwert op reaktionär Tendenzen, déi de Fraen d’Recht ofschwätze selwer iwwer hire Kierper ze bestëmmen, wëllt eng Initiativ d’Ofdreiwung zu Lëtzebuerg an d’Verfassung setzen. Eng richteg Entscheedung, fënnt de Frank Wies am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Virun dräi Joer huet de Supreme Court an den USA eng Joerzéngten al Positioun iwwert d’Recht op Ofdreiwung gekippt an domadder de Wee fräi gemaach, fir dëst Recht ganz ofzeschafen. Dat wier kee Recht wat an der Verfassung garantéiert ass an dofir kéint all Bundesstaat selwer decidéieren, wéi een domat wéilt ëmgoen, sou d’Riichter. An dat 50 Joer nodeem de selwechte Supreme Court am bekannten Urteel Roe géint Wade entscheet hat, d’Recht op d’Privatliewe géif och gëlle fir d’Entscheedung eng Schwangerschaft ze ënnerbriechen oder net.

Gesetzer bidde Raum fir Interpretatioun

Schonns am Oktober 2020 hat d’Verfassungsgeriicht a Polen entscheede, datt Ofdreiwungen nëmmen nach erlaabt wieren, no enger Vergewaltegung oder wa Leif oder Liewe vun der Mamm a Gefor sinn.

A béide Fäll konnten des Urteeler gesprach ginn, well d’Recht op Selbstbestëmmung iwwert de weibleche Kierper net ausdrécklech an de jeeweilege Verfassunge steet, mee just a Gesetzer, deenen hier Ausleeung der Interpretatioun vun de Geriichter ënnerläit.

Ofdreiwung eréischt zënter 10 Joer net méi am Code pénal   

Och zu Lëtzebuerg ass d’Ofdreiwungsrecht um Niveau vum Gesetz gereegelt. 1978 gouf et fir d’éischte Kéier ënnert strenge Konditiounen erlaabt eng Schwangerschaft ofzebriechen. Eréischt 2014 gouf d’Ofdreiwung aus dem Code pénal gestrach a ka zënterdeem also net méi strofrechtlech verfollegt ginn.

Déi selwecht reaktionär Tendenzen déi a verschiddene Länner d’Recht op Ofdreiwung am léifsten nees wéilten ofschafen, sinn och bei eis präsent. Et brauch ee just un d’Biller erënnere vun der makaberer Inzenéierung 2014 mat klengen Doudeluede virun der Chamber. Oder un d’Riede vu verschiddenen gewielte Politiker an héije Kierchevertrieder, déi de Frae weider wéilte virschreiwen, wat fir si an hire Kierper am beschte soll sinn.

E Gesetz ass méi liicht geännert wéi eng Verfassung

Et brauch een dofir just eng einfach Majoritéit an der Chamber. Eng Inscriptioun vum Recht op Ofdreiwung an der Konstitutioun wier also eng Ofsécherung, datt et ee breede gesellschaftspolitesche Konsens bräicht, representéiert vu méi wéi zwee Drëttel vun den Deputéierten an zwou separaten Ofstëmmungen, fir d’Rad nees zeréck ze dréinen.

Woubäi e Verfassungsrang fir d’Recht op Ofdreiwung net ausschléisst, datt een dat Recht per Gesetz encadréiert a limitéiert. Et wäert also weider méiglech si besteeënden Acquisen zeréck ze fueren oder Restriktiounen ze verstäerken. Sief et eng Verkierzung vun de Fristen an deenen eng Schwangerschaft ënnerbrach dierf ginn oder aner Mesuren, wéi eng obligatoresch Bedenkzäit tëschent der Consultatioun an der Decisioun zum Agrëff.

Beispill Demonstratiounsrecht 

Datt e Recht, wat an der Verfassung ageschriwwen ass iwwert e Gesetz ka reglementéiert ginn, gesäit een am Moment mat dem Demonstratiounsrecht. Obwuel d’Versammlungsfraïheet an d’Meenungsfräiheet an der Konstitutioun garantéiert sinn, huet d’Regierung geplangt d’Reegelen ze verschäerfen ënnert deenen an Zukunft nach zu Lëtzebuerg dierft manifestéiert ginn.

Dëst Beispill an déi sëlleg Kriticken un dësem Projet weisen, wat e Verfassungsrang mat sech bréngt. Zwar dierf ee reglementéieren, awer net esou wäit goen, datt d’Ausübung vun der Manifestatiounsfräiheet därmoossen ageschränkt gëtt, datt dëst en disproportionéierten Agrëff an des Fräiheet duer stellt.

Resilienz vun der Demokratie

En Ophuele vum Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung wier also méi wéi just Symbolpolitik. Et géif verhënneren, datt et u sech kéint a Fro gestallt ginn a wier eng Garantie fir ze wäitreechend Aschränkungen déi zukünfteg Majoritéite wéilten aféieren. An dem Sënn wier et e Bäitrag zu der Wehrhaftegkeet vun eiser Demokratie.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio.

Lauschterenplay_arrow