Radioen

On air

Notturno  |  Pantha Du Prince - Welt Am Draht

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "E Clown lieft am Moment, hie kennt keng Vergaangenheet an och keng Zukunft"

Gesellschaft

"E Clown lieft am Moment, hie kennt keng Vergaangenheet an och keng Zukunft"

Wann d'Anne-Marie Goedert an hir Roll vum Clown "Manouf" klëmmt, ass si voll a ganz an der Géigewaart present. Clown ze sinn ass fir si Liewensschoul.

auto_stories

4 min

headphones

20 min

Anne-Marie Goedert | © Morgane Weidig play_arrow
D'Anne-Marie Goedert (Foto: Morgane Weidig)

Déi rout Nues gehéiert dozou an och d’Mask also d’Schmink, déi de Clown vun deenen anere Leit ënnerscheet, mee de Clown ass och zu déifst emotional an eng immens mënschlech Figur, seet d'Anne-Marie Goedert. De Clown mécht och d’Welt vun der Phantasie op, dréint vill Saachen op d'Kopp a mécht aus dem Normalen eppes Ongewéinleches.

Wéi gëtt een zum Clown?

Mëttlerweil gëtt et Clownsschoulen an Instituter, seet d'Anne-Marie Goedert. Et kann ee sech och zum Schoulclown ausbilde loossen, oder sech op Altersheemer spezialiséieren. Si selwer hätt zum Beispill eng Grondausbildung zum Clown gemaach an dono huet si sech ee Joer als sougenannte Gesondheetsclown spezialiséiert fir a Klinicken a Seniorenheemer ze schaffen.

Hire Clown heescht Manouf an deen Numm ass aus der Improvisatioun eraus entstanen, seet d'Anne-Marie Goedert. 

"Meng Clownsleederen hu mech am Spill, onerwaarter Weis gefrot, wéi ech da géif heeschen. An du sot ech 'Manou? Ouf'. Well mäi Clownscharakter ass gär mol gestresst an da muss e sech awer entspanen an da bleift e stoen, da kuckt en naiv an d'Welt an dann 'ouf!'"

D'Manouf huet natierlech och déi klassesch rout Clownsnues, ass dezent geschminkt, huet eng Box un déi ze kuerz ass an Hosenträger, déi d'Manouf nach méi grouss wierke lossen. Um Kapp huet de Clown eng Zort Knoll "déi wéi en Tuerm no uewen ausgefuer ass" an dann nach eng Forchette dran "déi multifonktional ass".

Clown Manouf | © Alfonso Salgueiro
Clown Manouf (Foto: Alfonso Salgueiro)

Dem Clown seng Roll an der Gesellschaft

De Clown kann een net zouuerdnen, en huet keng richteg Funktioun, en dierf alles Méigleches, wat déi aner net maache kënnen an en ass och e bësse Beobachter, sou d'Anne-Marie Goedert. De Mënsch kéint och vill vum Clown léieren, zum Beispill méi am Moment present ze sinn.

"De Clown ass “zudéifst lieweg, super emotional, e bewäert net alles, de Clown lieft am Moment. Dat ass ee vun de gréisste Virdeeler."

Wéi laang brauch ee fir an d’Roll eranzeklammen?

Fir sech an hir Roll vum Manouf eranzefannen huet d'Anne-Marie Goedert och ee ganzt Ritual, dat scho moies nom Opstoe lass geet: Da mécht si Otemübungen a Yoga, fir sech ze spieren, present ze sinn a fir authentesch reagéieren ze kënnen. D'Schminken a sech undoe géif relativ séier goen an dono géif si ufänken esou ze schwätze wéi d'Manouf a sech an hir Roll ze versetzen.

Sou schwätzt d'Manoufplay_arrow

De Clown liest de Raum

Fir mam Public eng positiv Athmosphär ze schafen, misst een d'Situatioun analyséieren, zum Beispill, wann een an d'Zëmmer vun engem Patient erageet.

Et kënnt awer och heiansdo vir, datt d'Leit keng Loscht op e Clown hunn. Dat ass fir d'Anne-Marie Goedert eng schéin Situatioun.

"Wa Leit och einfach 'nee' soen an dann einfach an hirem Wonsch respektéiert ginn."

Deen anere Mënsch géif sech dee Moment respektéiert a gesi spieren, sou d'Anne-Marie Goedert.

D'Clown sinn beaflosst d'Liewen

D'Manouf ass fir si "Liewensschoul fir d'Liewen a senger Ganzheet unzehuelen". Fir déi meescht Mënsche wiere Clownen “tralala, witzeg, laachen", obwuel e Clown immens déifsënneg wier. D'Clown sinn hätt hir gehollef ze akzeptéieren, datt een och mol gestresst ass, oder Angscht huet, mee datt dee Moment och erëm géif eriwwer goen.

A wien d'Manouf eng Kéier live an Aktioun wëllt gesinn, kann dat am Januar am Mierscher Kulturhaus maachen.

Lauschterenplay_arrow

Edukatioun
Kanner
Kultur