Radioen

On air

Notturno  |  RF Shannon - Heathen Nights

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Duerchbroch an der Allergie-Fuerschung?

Gesondheet

Duerchbroch an der Allergie-Fuerschung?

Bal 40 Prozent vun de Leit hei am Land leiden ënner Allergien. Ugangs den 1960er Jore waren et just dräi bis véier Prozent. D'Zuel vun Allergiker ass also an de leschte siechzeg Joer reegelrecht explodéiert an d'Tendenz weist weider no uewen. Fir Betraffener besser ze behandele kéint elo e groussen Duerchbroch an der Fuerschung hëllefen.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

Markus Ollert | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Markus Ollert vum LIH. (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Fro, firwat ëmmer méi Leit op eppes allergesch sinn, kann d'Wëssenschaft nach net eendeiteg beäntweren. Laang Zäit ass déi sougenannt Hygièneshypothees favoriséiert ginn, déi - staark vereinfacht ausgedréckt - seet, mir géifen ze vill propper am Fong liewen.

Haut geet een ëmmer méi dovun aus, datt et net de Kontakt mat Knascht ass, deen eis feelt, mee éischter de Kontakt mat der Natur.

Eng Therapie mat Succés

Wat och ëmmer d'Grënn sinn, Leit, déi eng Allergie hunn, sinn elle geplot, deelweis souguer engem gewësse Risiko ausgesat, wa se zum Beispill vun enger Bei oder enger Harespel gepickt ginn. Dobäi gëtt et grad géint déi Insektestéch eng Therapie, déi nawell ganz gutt funktionéiert. Dat huet de Luxembourg Institute of Health elo an enger Etüd ënnersicht, erkläert de Professer Markus Ollert vun LIH.

Ronn 3 bis 4 Prozent vun de Mënschen hunn eng geféierlech Allergie géigeniwwer Insektestéch. Zu Lëtzebuerg wieren dat also ronn 20.000 Leit, erkläert de Markus Ollert. Et gëtt mëttlerweil eng Therapie, déi op Medikamenter baséiert, déi aus dem Gëft vun de Beien oder den Harespelen entwéckelt goufen. Dës Medikamenter sinn an Europa an och am Rescht vun der Welt zougelooss.

De Verglach mat Pollenallergiker:innen

D’Patiente kréien d’Medikament wéi eng Zort Impfung agesprëtzt. Dat geschitt reegelméisseg. An den éischten Deeg a Wochen nach dacks, dono ëmmer manner. Dat leeft dann iwwer dräi bis fënnef Joer esou. 90 Prozent vun de Patiente konnt ee bis elo mat Succès traitéieren, esou den Doktor Ollert.

An trotzdeem wousst ee bis elo net genau, firwat et esou gutt funktionéiert. A genau dat wollt een elo am LIH erausfannen.

Verglach goufe Patienten, déi eng Immuntherapie géint Beiestéch kruten, mat Patienten, déi eng Immuntherapie géint Polle kruten. Dës ass an der Reegel nämlech net sou erfollegräich.

“Und wir haben dann rausgefunden, dass ganz frühzeitig schon in der Therapie mit den Insektengiftpreparaten es zu einer Regulatioun von bestimmten Marken des Immunsystems kommt, aber nur in einer sehr, sehr, sehr geringen Ausprägung. Das sind alles Faktoren des Immunsystems, die normalerweise bei schwerwiegender Entzündung auch vorkommen.”

Et wéisst een also elo, datt een een “Zustand signalisieren muss in der Immunantwort, der in die Richtung von Entzündung geht, aber weit darunter liegt.” Dës Signaler schénge wichteg ze sinn, datt eist Immunsystem léiert, gutt mat den Allergien ëmzegoen.

Elo géing een hoffen, datt nei Medikamenter fir aner Allergië kënnen entwéckelt ginn.

"Das wäre unsere Hoffnung. Dazu müssen wir aber noch einige Jahre weiter forschen, um das tatsächlich erreichen zu können.”

Lauschterenplay_arrow